Hëtztwell: Autoritéiten zéien de Bilan
No der Hëtztwell Enn Juni hunn d‘Temperature sech ofgekillt. An d‘Autoritéiten hunn elo een éischte Bilan vun der Hëtztwell gezunn.
D‘Rettungsdéngschter hate wärend der Hëtztwell vill ze dinn. Si hate 70 Prozent méi Asätz wéi zu normalen Zäiten.
Och d‘Spideeler hunn déi héich Temperature gespiert. Et si vill méi Leit wéi soss an d‘Urgencë vun de Spideeler komm. Mee d‘Spideeler konnten d‘Situatioun awer meeschteren, sot de Gesondheetsministère.
D‘Autoritéite wëllen sech elo besser op Hëtztwelle virbereeden. An der Haaptstad zum Beispill gëtt e Plang fir Hëtztwellen ausgeschafft. Et soll ënner anerem gekuckt ginn, wéi d‘Schoule méi resistent géint Hëtzt kënne gemaach ginn.
Architektur: Muss un Hëtztwellen ugepasst ginn
Well et ëmmer méi waarm gëtt, muss an Zukunft anescht gebaut ginn. Dat soten Architekten an Urbanisten an Interviewe mam Radio 100,7.
Et gëtt verschidde Méiglechkeete Gebaier esou ze bauen, datt se sech net esou staark an esou séier ophëtzen, soten d‘Experten. Zum Beispill kënne Baumaterialien an Isolatiounssystemer gebraucht ginn, déi méi resistent géint Hëtzt sinn.
Wichteg ass et den Experten no och, datt méi Beem a Vegetatioun an de Stied an an den Uertschaften ugeplanzt ginn. Well Beem Schiet maachen, ass et do däitlech méi kill wéi op Plaze mat vill Beton an ouni Schiet.
Geriichtsurteel: Äiskënschtler krut Prisongsstrof mat Sursis
Um Stater Geriicht gouf d‘Urteel bekannt an engem Prozess, iwwer dee vill an de Medie geschriwwen a geschwat gouf. Am November 2019 war um Chrëschtmaart an der Stad ee Stéck vun enger Äisskulptur op e klenge Bouf vun zwee Joer gefall. D‘Kand ass dobäi ëm d‘Liewe komm.
Am Prozess waren néng Persounen an de Stater Tourismusbüro Luxembourg City Tourist Office ugeklot. Just zwou Persoune goufe schëlleg erkläert. Nämlech den Äiskënschtler, deen d‘Skulptur geschaf hat, a säi Mataarbechter.
De Kënschtler gouf zu engem Joer Prisong mat Sursis an enger Geldstrof vu 5.000 Euro verurteelt. Säi Mataarbechter krut néng Méint Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vu 1.500 Euro.
Déi aner Beschëllegt an de Stater Tourimusbüro goufe fräi gesprach.
De Parquet kann nach Appell géint dëst Urteel maachen.