arrow_back_ios

D'Neiegkeeten

100komma7.lu / D'Neiegkeeten

/ D'Neiegkeete vum 3. Oktober 2026

D'Neiegkeete vum 3. Oktober 2026

Lauschteren play_arrow
headphones

3 min

Déifferdeng krut 400.000 Euro geklaut

D’Gemeng Déifferdeng huet 400.000 Euro geklaut kritt. Déii Sue sinn am Fréijoer op e falsche Kont iwwerwise ginn, wéi elo bekannt gouf. Den Ament gëtt zu Déifferdeng en neit Gemengenhaus gebaut. An iwwer dem Architektebüro hat d’Baufirma der Gemeng eng Rechnung vu 400.000 Euro ginn. Et ass dunn enger onbekannter Persoun gelongen, Zougang zum Email-Verkéier tëschent deenen dräi Partner ze kréien. An déi Persoun huet sech dunn als Vertrieder vum Architektebüro ausginn. Si huet d’Gemeng gefrot, datt d‘Suen op en anere Kont – wéi deen normalen - sollen iwwerwise ginn. Wat d‘Gemeng och gemaach huet. An domat waren déi 400.000 Euro fort. 

Chamber-Rentrée

D’Chamber kënnt no der Summervakanz ëmmer eréischt den zweeten Dënschdeg am Oktober zesummen. Dës Woch gouf et schonn eng Rentréespressekonferenz. De Chamberpresident Claude Wiseler huet ënner anerem do annoncéiert, datt d’Chamber an Zukunft méi Kënschtlech Intelligenz wëllt gebrauchen, fir de Service fir d’Bierger:innen ze verbesseren. Ënner anerem sollen esou Ënnertitele bei Live-Iwwerdrounge vu Chamberssitzungen erstallt ginn. 

Neien Arméischef

Déi Lëtzebuerger Arméi krut dës Woch en neie Chef: de Generol Claude Robinet huet vum Steve Thull iwwerholl, deen an d’Pensioun goung. D’Prioritéite vum neien Arméischef sinn ënner anerem d’Diversitéit vum Personal, mee och déi nei Technologien. D’Verteidegungsministesch Yuriko Backes sot nach,  datt d’Regierung de militäresche Beruff méi attraktiv maache wëllt.

Tourismus

De Summer ass eriwwer, et ass Zäit e Bilan vun der Touristesaison ze zeien. De Campingsecteur ass dee Beräich, deen dëst Joer am meeschte gewuess ass. Par rapport zum leschte Joer gouf et tëschent Januar a Juli  eng Steigerung vun 13 Prozent. D’Hoteller an d’Jugendherbergen haten dogéint liicht manner Iwwernuechtunge wéi am selwechten Zäitraum 2025.

Episoden

D'Neiegkeete vum 10. Oktober 2026

Budget 2027 an d'Kriticke vun der Oppositioun
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 3. Oktober 2026

Déifferdeng krut 400.000 Euro geklaut, Chamber-Rentrée, Neien Arméischef an Tourismus
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 26. September 2026

Dronen iwwer Lëtzebuerg, Kritik un der Regierung, EU-Sanktiouns-Lëscht
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 19. September 2026

Schoulrentrée, Staatsexamen, Falsch Diplomer an Dronen
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 12. September 2026

PISA-Etüd, Reaktioun vum Educatiounsminister Claude Meisch, an Interview mam Serge Wilmes
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 18. Juli 2026

Tramsstreck, Projet ALPHA, Gefor vu Bränn a Peagen an der Belsch
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 11. Juli 2026

Eng Bedruchsaffär, Begréngungskonzept Stad Lëtzebuerg, Bilan Observatoire de l’égalité an d'Wunnengsnout zu Lëtzebuerg
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 4. Juli 2026

Bilan no der Hëtztwell, Architektur an e Geriichturteel
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 26. Juni 2026

Eng Hëtztwell huet Europa a Lëtzebuerg am Grëff: Temperaturrekorder, schoulfäi a Klimawandel
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 20. Juni 2026

Hëtztwell, Masken, nei international Schoul zu Schëffleng an den Aarbechtsmaart
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 13. Juni 2026

Tripartite Accord ënnerschriwwen, genuch Suen do fir anti-Krise Mesuren, Lëtzebuerg hëlleft bei Ausbildung vun ukraineschen Zaldoten an d'Parlament stëmmt Gesetzer fir EU-Asylpak
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 6. Juni 2026

Tripartite, eng Schwämm op der Kockelscheier an en tragescht Kloter-Accident zu Zolwer
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 30. Mee 2026

Hëtztwell, Undrang um Stauséi, d'Sprangpressessioun an d'Indextranche
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 23. Mee 2026

Ried zur Lag vun der Natioun, Congé fir Bluttspenden, an den ESC 2027
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 16. Mee 2026

Déi éischt Reunioun vun der Tripartite, Gewalt un de Schoulen, de Bilan vun der Luxair a fir Lëtzebuerg ass den Dram vum ESC 2026 eriwwer
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 08. Mee 2026

Schlëmmem Accident op der Biergcourse zu Eschduerf, schlcht Ëmfrowäerter fir d'CSV, an d'Tripartite
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 02. Mee 2026

Grenzkontrollen, Prozess wéinst Policegewalt an déi amerikanesch Ambassade
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 25. Abrëll 2026

Den Dokter Philippe Wilmes ass ëm weider 21 Méint suspendéiert ginn, de Premierminister Luc Frieden kënnegt eng Tripartite un an den Direkter vum CNA, de Gilles Zeimet ass zeréckgetrueden
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 18. Abrëll 2026

D’Vergréisserung vum Fluchhafen, de Bau vun 11 neie Lycéeën, d'Museksschoul Cavem bleift zou, Vitesskontrolle vun der Police
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 11. Abrëll 2026

Héich Inflatioun, en neie Kollektivvertrag fir d’Uni Lëtzebuerg, d’Luxembourg Pride a Stol vun ArcelorMittal am Wäissen Haus
headphones

3 min

play_arrow