arrow_back_ios

D'Neiegkeeten

100komma7.lu / D'Neiegkeeten

/ D'Neiegkeete vum 4. Abrëll 2026

D'Neiegkeete vum 4. Abrëll 2026

Lauschteren play_arrow
headphones

4 min

Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäin Numm ass Pierre Reyland. Haut an den Neiegkeeten: Um Lëtzebuerger Fluchhafe goufen nees grouss Quantitéiten Drogen entdeckt.  Et gouf eng Cyberattack op d‘Lëtzebuerger Parlament. An de Prisongen zu Lëtzebuerg beschwéiert d‘Personal sech iwwer Gewalt. An d‘Gewerkschafte wëlle geschwënn nees op der Strooss protestéieren.

Drogen um Flughafe beschlagnaamt

Um Fluchhafen zu Lëtzebuerg goufen nees grouss Quantitéiten Droge fonnt a beschlagnaamt. 88 Kilo Kokain an 250 Kilo Cannabis goufen an zwou verschiddenen Aktiounen entdeckt. De Kokain hat Schätzungen no e Maartwäert vun iwwer véier Milliounen Euro, an de Cannabis vun annerhallwer Millioun Euro. Den Autoritéiten no waren déi Droge fir den europäesche Maart geduecht. Bei der Entdeckung vum Kokain huet Lëtzebuerg mat de franséischen Autoritéiten zesummegeschafft. A Frankräich goufe véier Persoune festgeholl.

Lëtzebuerg ass dee sechstgréissten Transport-Fluchhafen an Europa. De Lëtzebuerger Fluchhafe gëtt ëmmer méi dacks benotzt fir Drogen op den europäesche Maart ze bréngen.

Cyberattack op d‘Parlament

Et gouf eng Cyberattack op d‘Lëtzebuerger Parlament. Et goufen awer keng Date geklaut, sot de Generalsekretär vun der Chamber. Hackeren hätte probéiert vu baussen an ee Computer vun der Chamber eranzekommen. Dat ass awer séier opgefall an d‘Parlament huet ganz séier reagéiert. Den Internetsite vun der Chamber an d‘IT-Systemer goufen eng Zäit laang vum Netz geholl, fir de Problem ze léisen. D‘Chamber huet betount, datt dat eng réng Virsiichtsmoossnam war.

Prisongspersonal schléit Alarm

An de Prisongen hei zu Lëtzebuerg beschwéiert d‘Personal sech iwwer Gewalt a schlecht Aarbechtskonditiounen. D‘Regierung misst dréngend eppes dogéint maachen, soen d‘Associatioune vum Prisongspersonal. Viru Kuerzem gouf et an nëmmen enger Woch véier Attacke géint Giischtercher am Prisong. D‘Situatioun wier alarmant, soen d‘Vertrieder vum Prisongspersonal. D‘Prisongsverwaltung huet zouginn, datt et méi Fäll vu Gewalt am Prisong gëtt. Dat géing awer och doru leien, datt d‘Zuel vun de Prisonéier an de leschte Jore staark geklommen ass.

Gewerkschafte ginn op d‘Strooss wéinst dem Mindestloun

Déi zwou gréisst Gewerkschaften am private Secteur OGBL an LCGB ginn nees op d‘Strooss fir ze protestéieren. D‘Ursaach ass de Sträit iwwer de Mindestloun. D‘Regierung wëllt de Mindestloun vill manner staark eropsetzen, wéi d‘Gewerkschafte fuerderen. “Mir ginn elo op d‘Strooss bis eng Ännerung an der Politik kënnt“. Dat sot d‘Nora Back, Presidentin vun der Gewerkschaft OGBL, an engem Interview mam Radio 100,7. Et ass nach net kloer, wéini d‘Gewerkschaften ee Protest organiséieren. Méi Detailer wëlle si den 1. Mee annoncéieren. Dat ass den Internationalen Dag vun der Aarbecht.

Episoden