Radioen

On air

Notturno  |  Aamar - 100080

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

headphones

51 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Tommy Schlesser ass e Schauspiller, fir deen et am Filmgeschäft richteg gutt leeft. Zum Beispill ass hien an der zweeter Staffel vu "Capitani" ze gesinn - eng Serie, déi un Netflix verkaf gouf.

Am Kino stoung hien op der Affiche vun der spuenesch-lëtzebuergescher Koproduktioun "Lemon and Poppy Seed Cake". D'lescht Joer war hien zu Cannes um rouden Teppech fir de Film "Rebel" vum Adil El Arbi an Bilall Fallah, wou hien en IS-Kämpfer spillt.

An hie spillt och a "Läif a Séil" vum Loïc Tanson, an hie freet sech drop, wann "Die Bergretter" beim ZDF gewise ginn, um klengen Ecran, do wou Villes fir hien ugefaangen huet, notamment an Tëleesproduktioune vu Rosamunde Pilcher, oder "Das Traumschiff".

Den Tommy Schlesser huet schonn als Bouf mat sengem eelere Brudder Emile éischt kleng Filmer gedréit, de Fonke vun der Magie vun der Kamera ass jonk bei him eriwwer gesprongen. Dat, obwuel hien aus enger Famill vu Juriste kënnt. Säin Urgrousspapp, Grousspapp a Papp hunn dee Beruff ausgeüübt, an obwuel den Tommy Schlesser deen och ugehaangen huet, andeems hien Droit studéiert huet, ass hie séier nees vu senger Passioun dem Kino ugezu ginn.

Eigentlech wollt hien 2012 op Köln op d'Film Acting School goen, mee du krut hie seng éischt Roll ugebueden an der Lëtzebuerger Sitcom "Comeback". Dat war säin Debut. Säi Studium huet hien trotzdeem duerchgezunn, net zu Köln, mee zu Los Angeles.

2013-2014 hat hie seng eege Sketch-Comedy Serie "Wat Elo?" fir RTL Télé Lëtzebuerg, wou hien an circa 100 kuerzen Episoden zesumme mat sengem Brudder Émile Schlesser opgetrueden ass.

2015 war den Tommy Schlesser an enger Gaaschtroll an der däitscher RTL-Serie "GZSZ" als Austauschstudent Eike Habicht ze gesinn.

Am Kuerzfilm "Long Lost", deen als beschte Kuerzfilm beim Max Ophüls Preis nominéiert war, hat de Schlesser d'Roll vun engem jonke Strummert mat krimineller Vergaangenheet. 2018 war hien am lëtzebuergesche Kinosfilm "Superjhemp Retörns", nieft der Julie Kieffer an der Désirée Nosbusch ze gesinn.

Am Februar 2022 du fir vill Persounen e laang erwaarte Moment. Déi zweet Staffel vu "Capitani", an där hien d'Roll vun engem Drogeboss spillt.

D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Marc Meyers: "De Mënsch ass wichteg."

Marc Meyers: "De Mënsch ass wichteg."

Direkter vum Stater Conservatoire zanter 10 Joer
headphones

55 min

play_arrow
Jo Kox: "Et muss ee virwëtzeg sinn!"

Jo Kox: "Et muss ee virwëtzeg sinn!"

De Kulturbegeeschterten an de Mënsch, deen hannert dem KEP, dem Kulturentwécklungsplang steet, ass den Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Dan Tanson

Dan Tanson

Acteur, Poppespiller, Produzent, Regisseur, Sänger: seng Léift gehéiert dem Theater an de Spektakele fir Kanner.
headphones

55 min

play_arrow
Guy Helminger

Guy Helminger

Den Auteur vun ënner anerem dem Stéck "Madame Köpenick" ass Invité.
headphones

54 min

play_arrow
Sylvia Camarda: "Schwätze war ni meng Sprooch"

Sylvia Camarda: "Schwätze war ni meng Sprooch"

D'Dänzerin an Televisounsmoderatrice ass Invitée.
headphones

55 min

play_arrow
Guy Helminger

Guy Helminger

Den Auteur vun ënner anerem dem Stéck "Madame Köpenick" ass Invité.
headphones

54 min

play_arrow
Georges Kohnen

Georges Kohnen

E Mënsch mat dräi Passiounen, Radio, Musek a Wëssenschaft, ass haut Invité.
headphones

49 min

play_arrow
Joseph Rodesch

Joseph Rodesch

De Mister Science ass den Invité.
headphones

55 min

play_arrow
Paul Heber

Paul Heber

Den Invité ass Responsabel fir d'Communication bei UNICEF Lëtzebuerg a bekëmmert sech mat vill Engagement ëm d'Lous vun de Kanner.
headphones

55 min

play_arrow
Jacques Santer

Jacques Santer

Den Éierestaatsminister ass den Invité.
headphones

54 min

play_arrow
Ainhoa Achutegui

Ainhoa Achutegui

Déi aktuell Direktesch vum Centre Culturel Neumünster huet baskesch a venezuelanesch Wuerzelen, hir Karriär zu Wien gestart an ass eng engagéiert Feministin.
headphones

51 min

play_arrow

Dr. Marco Klop

Zanter iwwer 24 Joer Anästhesist an den Hôpitaux Robert Schuman, Coordinateur vum SAMU aKapp vun der Aktioun #Yeswecare, déi de ra-le-bol vum Santés Personal ausdréckt.
headphones

48 min

play_arrow
Jacques Santer

Jacques Santer

Den Éierestaatsminister ass den Invité.
headphones

54 min

play_arrow
Gregory Melmer

Gregory Melmer

De Schoulmeeschter an Improvisatiounsartist ass den Invité.
headphones

70 min

play_arrow

Anouk Bastian

Invitée ass eng Fra, déi souzesoen de Wäin an d'Wéi geluecht krut. D'Wënzerin ass elo a fënnefter Generatioun un der Spëtzt vun der Familljenentreprise zu Réimech.
headphones

46 min

play_arrow
Patrick Galbats

Patrick Galbats

Tëschent 2010 an 2016 huet de Fotograf fir d'Wochenzeitung Land déi politesch, kulturell an ekonomesch Aktualitéit couvréiert an eng gewëssen artistesch Fräiheet entwéckelt.
headphones

49 min

play_arrow
Michel Clees

Michel Clees

De passionéierten Dokter an niewebäi och engagéierten Auteur, Sänger an Dramatiker ass Invité.
headphones

55 min

play_arrow

Manfred Langner

Den Intendant vum Theater Tréier iwwer seng Ufäng an där eelster Stad vun Däitschland, wéi hien dat perséinlech erlieft huet an iwwer säi Wee vum Film bei den Theater
Georges Christen

Georges Christen

Hien huet 26 Guiness Weltrekorder a verbéit Eisen a Stol mat senger eegener Kierperkraaft. Hien zerrappt Telefonsbicher a ka mat sengen Zänn Eisebunns Waggonen zéien.
Erna Hennicot-Schoepges

Erna Hennicot-Schoepges

D'forméiert Pianistin, fréier Ministerin an CSV-Parteipresidentin an enorm engagéiert Fra ass d'Invitée.
headphones

55 min

play_arrow