Sot emol
Guy Helminger
54 min
Fir d'Première vu sengem neiste Stéck "Madame Köpenick" ass den Auteur Guy Helminger zu Lëtzebuerg, an de Jean Claude Majerus huet hien invitéiert. Dir gitt da sécher och e puer Detailer iwwer säin neit Stéck gewuer an a wéi engem Kontext dëst Wierk mat der Aktualitéit steet. Mee mir kucken awer och mam Guy Helminger zeréck, wéi hien iwwerhaapt bei d'Schreiwen koum. Op déi Zäit, wou de Punk Guy Helminger Barkeeper a sengem léifste Kölner Bistro Station war. Wat fir hie Frëndschaft heescht. A vläicht wëllt Dir och wëssen, wéi e Guy Helminger zum 1. FC Köln an zu der Kölner Fuesent steet.