Sot emol
Ainhoa Achutegui
51 min
Déi aktuell Direktesch vum Centre Culturel de Rencontre Abbaye Neumünster huet baskesch a venezuelanesch Wuerzelen, hir Karriär zu Wien gestart, a si ass - vun der Simone de Beauvoir gedriwwen - eng engagéiert Feministin.
Der Ainhoa Achutegui hiert Liewen ass am Asaz fir Fraen - am Kulturberäich, bei der Gläichstellung, der sexueller Opklärung an der Gewalt géint Fraen. Si huet mat nëmme 26 Joer am WUK, engem vun de gréisste soziokulturellen Zentrume vun Europa, den Danz geleet - als jéngste Fra - ass zanter 2013 Direktesch vum Neimënster an ausserdeem Presidentin vum Planning Familial.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.