Sot emol
Jacques Santer
54 min
Vu Beruff ass en Affekot, hie war Gewerkschaftler, Gemengepolitiker, Deputéierten, Europadeputéierten, CSV-Parteipresident, Minister, Staatsminister, President vun der Europäescher Kommissioun. President vu Verwaltungsréit, wéi ënner anerem der CLT, hie war Gouverneur vun der Weltbank grad wéi vum internationale Wärungsfong an nach weider. De Jacques Santer huet e laange politesche Wee gemaach, wou hien awer seng Visittekaart ni verluer huet. Hien koum 1937 zu Waasserbëlleg op d'Welt an ass ëmmer mat zwee Féiss um Buedem bliwwen. Bal 85 Joer huet de Jacques Santer elo, an ass nach ëmmer aktiv. Den Éierestaatsminister ass Invité beim Jean Claude Majerus.