Sot emol
Dr. Marco Klop
48 min
Zanter iwwer 24 Joer Anästhesist an den Hôpitaux Robert Schuman, huet hien als Coordinateur vum SAMU Experienz an ass de Kapp vun der Aktioun #Yeswecare. Zil dovunner ass, de Ras-le-bol vum Santéspersonal auszedrécken. Virun allem deejéinege géintiwwer, déi de Seriö vun der Pandemie kontestéieren a sech géint déi eenzeg Mesuren asetzen, déi wierken.
Am Lockdown stounge mir all owes virun der Dier an hu geklappt, als Zeeche vu Solidaritéit mam Fleegepersonal. Haut zirkuléieren all Donneschdeg Fotoen op de Soziale Medie vum Personal aus dem Gesondheetssecteur uechtert Land. Alleguerten an hire wäisse Blusen, mat Mask a Panneaue mat den Hashtags "yes we care an "impfe wierkt".
Wat bewierkt dëse Solidaritéitselan? Wéi geet et dem Gesondheetspersonal wierklech a wéi empfënnt een als Dokter dës sanitär Kris? Den Dr. Klop ass Invité beim Natasha Ehrmann.