Sot emol
Anouk Bastian
46 min
Invitée beim Natasha Ehrmann ass eng Wënzerin, déi souzesoen de Wäin an d'Wéi geluecht krut. D'Anouk Bastian ass elo a fënnefter Generatioun un der Spëtzt vun der Familljenentreprise zu Réimech. Déi Natur verbonne Fra richt fir hiert Liewe gäre gudde Buedem a perfektionéiert hir oenologesch Stäerkten ëmmer erëm. Pinot Blanc, Gewürztraminer, Riesling, Pinot Noir, Pinot Gris an Auxerois si Riefzorten, déi typesch fir Lëtzebuerg sinn, Cépagen, déi laanscht Musel kultivéiert ginn. An der Haaptsaach wäisse Wäin, an dat op 14 Hektar.