Sot emol
Gregory Melmer
70 min
Sech op eng Bün stellen an dann iergendeppes maachen oder iergendeppes schwätzen, dat ass Improvisatioun, kéint een unhuelen. Mee genee dat ass et net. Improvisatioun ass eng Konscht, déi een och léiere muss a kann, a genee dat huet de Gregory Melmer gemaach. An hien huet d'Improvisatioun an engem Mekka fir dee Genre, nämlech am Kanada, kennegeléiert.
Den 10. November 2021 war de Gregory Melmer Invité beim Jean Claude Majerus an dee wollt ënner anerem vum Gregory Melmer wëssen, wat dann elo Improvisatioun ass, wéi eng Viraussetzungen ee muss matbréngen, wéi ee sech op der Bün verhält. Dernieft léiere mir och dem Gregory Melmer seng privat Säit kennen, z. B. wat den Artist iwwer seng Fra a seng Kanner seet.