Sot emol
Georges Kohnen
49 min
Dem Jean Claude Majerus sengem Invité seng Stëmm wäerten der wuel eng ganz Partie vun Iech kennen. De Georges Kohnen héiert Dir schonn zanter 1996 reegelméisseg op der Antenn vum radio 100,7. Aktuell ass hien eisen 100,7-Korrespondent aus der Belsch a couvréiert Sujeten aus eisem Nopeschland. Nieft senger Passioun fir de Radio, iwwregens huet hien op der Uni Mons och e Radio gegrënnt, gehéiert awer och d'Musek zu sengem Liewen, hie selwer spillt Piano an Uergel an huet och gesongen. An dann, wat och intressant ass, de Georges Kohnen ass Physiker an huet ënner anerem um Südpol no de klengste Deelercher déi et gëtt, de sougenannten Neutrinos, gesicht.