Sot emol
Manfred Langner
Fir d'Saison 2018/2019 gouf de Manfred Langner neien Intendant vun Theater Tréier. Hien huet deemools an der eelster Stad vun Däitschland en Theater iwwerholl, deen an zimmlech schlechten Dicher stoung, et goung esouguer vu komplett Zoumaache rieds.
De Jean Claude Majerus schwätzt ënner anerem mam Theaterintendant iwwer seng Ufäng zu Tréier, wéi hien dat perséinlech erlieft huet. Anere Sujet ass dem Manfred Langner säi Wee iwwer de Film bei den Theater, well hien huet nämlech ufanks an enger Finanzverwaltung geschafft an huet duerno Droit studéiert. Wat dem Manfred Langer säi léifstent Iessen ass a wat säin éischten Auto war: och dat gitt Dir am Gespréich gewuer.