arrow_back_ios
Sot emol
Erna Hennicot-Schoepges
D'Invitée war, ënner villem aneren, Ministerin fir Kultur, Educatioun, Bauten, si war als éischt Fra CSV-Parteipresidentin, si war Europadeputéiert, si ass forméiert Pianistin a virun allem eng enorm engagéiert Fra: d'Erna Hennicot-Schoepges. De Jean Claude Majerus schwätzt mat der Madamm Hennicot iwwer hiren Engagement, hire politesche Wee, hir Passioun fir Musek, an natierlech och iwwer hiren groussen Engagement fir d'Kultur.