Sot emol
Sylvia Camarda: "Schwätze war ni meng Sprooch"
55 min
Eng vun de schéinsten an universellste Formen fir sech auszedrécken ass ouni Zweiwel den Danz. D'Emotiounen, déi den Danz vermëttelt, versteet een op der ganzer Welt, onofhängeg vun all Sprooch, an et ass eben och eng non-verbal Méiglechkeet fir Mënsche sech auszedrécken. A wa mir hei zu Lëtzebuerg vun Danz schwätzen, dann ass et kloer, datt mir vun der Sylvia Camarda schwätzen, déi besonnesch duerch e ganz kierperlechen Danz zanter Joren op de Bünen uechtert Welt doheem ass.
Eng aner Passioun vun hir ass d'Televisiounsaarbecht, zemools mat der Moderatioun an der Presentatioun vun der Danzemissioun "Move" op der Televisiounschaîne ARTE. De Freideg, 21.1.2022 gouf op ARTE, déi éischt Episod vun der Sylvia Camarda hirer neier Emissioun "Dance at Home" diffuséiert.
D'Sylvia Camarda ass Invitée beim Jean Claude Majerus. Am Gespréich wäert dann ënner anerem iwwer hir Zäit beim Cirque du Soleil rieds goen, oder och nach wéi si iwwerhaapt bei d'Danze koum, a wat Tennis a Mathé mat hir ze dinn hunn.