Radioen

On air

Concert Euroradio  |  Inspiratioun aus der Renaissance

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Amanecer

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Zu Éiere vum Africa Day, deen all Joer de 25. Mee gefeiert gëtt, an deen un d'Grënnung vun der Organisation of African Unity (OAU) erënnert, huet de Label Real World Records sechs legendär afrikanesch Artisten aus sengem Katalog reeditéiert. Dorënner de Sooliman Ernest Rogers, deen an den 20er Joren op d'Welt koum ...

Dem franséisch-argentinesche Grupp Cuarteto Tafi hir Aktualitéit heescht "Amanecer", deen ë. a an der Zesummenaarbecht mat der Sängerin Leïla Martial entstanen ass. "Amanecer" ass en engagéierten Disk fir d'Mënscherechter vun Artisten, déi och beréiert si vun der Poesie, der Schéinheet am Allgemengen a vum Austausch mat aneren Artisten.

Bei The Smile héiere mir e Sound an eng Stëmm, déi mir kennen, et ass e Säite-Projet vum Thom Yorke an Johnny Greenwood vun The Radiohead zesumme mam Batteur Tom Skinner vun The Sons Of Kemet. Den Thom Yorke denoncéiert mat sengen Texter d'Hypokrisie vun der politescher Klass, déi d'Mënschen diviséiere wëllt, a mir ginn invitéiert zesummenzehalen an ze resistéieren.

D'Kate Tempest heescht elo Kae Tempest. D'Englännerin huet en neien Album "The Line Is A Curve", wou si iwwer Verletzlechkeet an Selbstentbléissung erzielt.

D'Angélique Kidjo huet no siwe Joer och en neien Album: "Mother Nature". Déi bekannten afrikanesch Artistin aus dem Benin beschäftegt sech hei mat der Natur, de Klima-Froen awer och mat aneren Theeme wéi Rassen-Ongerechtegkeet a Polizei-Gewalt. Hir Musek ass onbeschwéiert positiv bis lëschteg mat dës Kéier komplexen Inhalter.

Endlech kann och erëm de Womad Festival am Charlton Park iwwer d'Bün goen, dëst Joer vum 28.-31. Juli. Ënner villen aneren interessanten Artisten ass d'Kae Tempest derbäi, an zu den Têtes d'Affiches zielt den Nitin Sawhney. Hei fannt Dir déi ganz Programmatioun, et ass derwäert!

Musek

Episoden

A World of Sound

Highlife aus Ghana, e Londoner, deen op Reggae steet, Lidder vun Heelungs-Zeremonien, zäitgenëssesch interpretéiert an e Museker, deen zeréck zu senger Passioun fonnt huet.
headphones

57 min

play_arrow

Multikulti

Kläng aus der Ukrain, en entfriemte Flamenco, eng gutt orchestréiert Pop aus der Belsch a multikulti Artiste mat villen Influenzen
headphones

56 min

play_arrow

Multikulti

Kläng aus der Ukrain, en entfriemte Flamenco, eng gutt orchestréiert Pop aus der Belsch a multikulti Artiste mat villen Influenzen
headphones

56 min

play_arrow

Transmusicales 7.-11. Dezember (Part 2)

En eklektesche Choix, dee quasi all d'Stiler berécksiichtegt, jonk nei Stëmmen, nei Ausdrocksformen, kee Mainstream, Artiste mat engem eegenen, ongewéinlechen Touch

be nice to people

Nei-Verëffentlechunge mat enger nostalgescher Nout, Museker mat engem universelle Message, eng Rees duerch d'Variatioune vum Blues, an e mythesche Motel musikalesch revisitéiert

Transmusicales vum 7.-11. Dezember

Och dës 44. Editioun léisst all d'Genren zu Wuert kommen an et sinn op en Neits vill kleng Pärelen ze entdecken!
headphones

56 min

play_arrow

Transmusicales vum 7.-11. Dezember

Och dës 44. Editioun léisst all d'Genren zu Wuert kommen an et sinn op en Neits vill kleng Pärelen ze entdecken!
headphones

56 min

play_arrow

Arômes Complexes

Jonk Stëmmen aus Südamerika, eng sophistiquéiert Soul aus dem Ghana, Musek vun den Tataren a komplex Aromaen aus Frankräich
headphones

56 min

play_arrow

Arômes Complexes

Jonk Stëmmen aus Südamerika, eng sophistiquéiert Soul aus dem Ghana, Musek vun den Tataren a komplex Aromaen aus Frankräich
headphones

56 min

play_arrow

Faarweg

E Jet-Setter aus de 70er Jore mat raren Opnamen, déi a sengem Schaaf fonnt goufen, en James Brown aus dem Ghana, faarweg an ästheetesch interessant Zesummespiller.

New Songs, Old Stories

Brandnei Kläng aus Algerien, Tunesien, der Tierkei, Persien/Iran-Irland, Kanada ...spannend, beréierend a villschichteg!
headphones

56 min

play_arrow

New Songs, Old Stories

Brandnei Kläng aus Algerien, Tunesien, der Tierkei, Persien/Iran-Irland, Kanada ...spannend, beréierend a villschichteg!
headphones

56 min

play_arrow

Métisssages

Interessant Fusioune vun de Welt-Museke vun den Instrumenter an Artisten, de Fado begéint eng Rock-Gittar, en Inder begéint en Afrikaner a Griichen, déi sech selwer trei bleiwen.

Déja Vu

Eng nei Anthologie mat raren Opnamen, e laang erwaarten Hip-Hop-Album, klassesch Museker an eng hybrid Musek aus Tunesie sinn derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Déja Vu

Eng nei Anthologie mat raren Opnamen, e laang erwaarten Hip-Hop-Album, klassesch Museker an eng hybrid Musek aus Tunesie sinn derbäi.
headphones

56 min

play_arrow