arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Métisssages

Métisssages

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

D'Oumou Sangaré ass zu Bamako gebuer an engem vun den äermste Véierel vun der Haaptstad aus dem Mali. Si ass mat hirer Leidenschaft fir d'Musek zu enger vun den aflossräichsten zäitgenësseschen afrikanesche Sängerinne ginn, déi och international Karriär gemaach huet an doheem ongemittlech Noriichte vermëttelt iwwer Fraerechter, Traditioun an Aarmut.


Der Derya Yildirim hir Racinne leie méi nërdlech um afrikanesche Kontinent, an Anatolien. Si ass an Däitschland gebuer, spillt eng westlech Psychedelia, déi awer staark vum anatolesche Folk beaflosst ass.


Déi amerikanesch Singer-Songwriterin, Cellistin a Banjo-Spillerin Leyla McCalla verbënnt d'Traditioun vun de Kreolen, de Cajuns an den Haitianer mat Folk, Bluegrass an Jazz. Um Album "Breaking the Thermometer", deen dëst Joer erauskoum, erfuerscht d'Leyla McCalla déi beweegte Geschicht vun de Kreolen a benotzt Archiv-Material vu Radio Haiti.


De Stelios Petrakis a säi Quartett léist de ganze Mosaik vun de Kläng aus Kreta an d'Influenzen aus dem Mëttelmierraum erkléngen. Hei héiere mir en neien Extrait vu senger Aktualitéit "Spondi".


En aussergewéinleche Stëmm-Cello Duo ass dee vun der franséisch-amerikanescher Sängerin Rosemary Standley zesumme mat der brasilianescher Singer-Songwriterin an Cellistin Dom La Nena. "Birds On a Wire" heescht hire gemeinsamen Album, op deem si aneren Artisten hir Lidder revisitéieren.


Originne si seele ganz kloer ... beim a Brasilie gebuerene Luiz Mura gëtt et do souguer eng Hellewull vu multikulturellen Aflëss a senger Famill, wou Japaner doheem si grad wéi Portugisen, Brasilianer oder Italieener. De Luiz Murá ass vun der Bossa Nova faszinéiert, grad wéi vum Jazz an der Improvisatioun oder vun den traditionelle Museken. Säin neien Album "Origem" ass en Hommage un de grousse João Gilberto, deen eis am Summer 2019 verlooss huet.


Playlist:



Oumou Sangaré - Wassulu Don - Timbuktu

Derya Yildirim & Grup Simsek - Bal - Dost 2

Erik Aliana - Ke enda oko (feat. Debashish Bahttacharya) - Ancestors

Leyla McCalla - Fort Dimanche - Breaking the Thermometer

Stelios Petrakis Quartet - Rodo Ts' Avgis - Spondi

Misia - Ouso Dizer - Pura Vida (Banda Sonora)

Cuarteto Tafi - Entre Dos Valles - Amanecer

Hardkandy - Pure Fantasy (feat. Andy Platts) - Pure Fantasy

Rosemary Standley & Dom La Nena - All the World Is Green - Birds On a Wire

Luiz Murá - Até o Sol Raiar - Origem

Marina Satti - Κούπες - Κούπες - Single

Boulevards - Better off Dead (feat. Nikki Lane) - Electric Cowboy: Born in Carolina Mud


Episoden

Beats, Jazz & more

Hypnotesch, melancholesch, däischter oder grooveg Titelen aus verschiddene Genren.
headphones

55 min

play_arrow

From Now & Then

Neo-Soul, Surf-Rock, e Sënn fir Groove, Laid-Back instrumental-Titelen an e puer onëmgänglech Klassiker.
headphones

57 min

play_arrow

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow