"Tempo Tempo" dat hat viru bal 30 Joer den Tony Allen zum Fixi und Nicolas Giraud gesot an huet déi jonk Museker fir seng Welt vum Rhythmus begeeschtert. Esou heescht dann och den Album "Tempo Tempo" (A Tony Allen Celebration), deen en Hommage ass un den nigerianesche Meeschter vum Afrobeat.
Churupaca ass eng Band vu Buenos Aires. Hei héiere mir latäinamerikanesch Kläng mat europäeschen Aflëss, Balkan-Musek, Reggae a Klezmer.
Den Album "Homeland" vun der Hindi Zahra ass en Hommage un hir marokkanesch Racinnen. Op dësem Disk verbënnt si traditionell Kläng mat Wüstenrock, Pop, Blues an Jazz.
"Hannet Lekloub" ass den 3. Opus vum tuneeseschen Indie-Folk Duo Yuma. Akustesch Gittaren a Folk-Kläng mat arabeschen Texter, gesongen am tuneeseschen Dialekt.
Deen zu London baséierte Museker Loshh ass vum Blues inspiréiert, vum Highlife an dem Post-Punk. Inhaltlech geet et beim Album "Ífaradá " ëm de Glawen, Ausdauer a perséinlech Weiderentwécklung.
"Married to the Blues" vun der amerikanescher Blues-Sängerin Shemekia Copeland staamt aus der Fieder vum Jon Tiven, Sally Tiven an John Hahn, eng kleng Pärel vun hirem Debut-Album "Turn Up The Heat!" aus dem Joer 1998.
De "Special Rider Blues" vu Ballaké Sissoko & Piers Faccini ass eng den 21. Oktober 2025 verëffentlecht Coverversioun vum Skip James sengem Blues-Klassiker. D'Lidd verbënnt de Gesang an d'Gittare vum Piers Faccini mam traditionelle Kora-Spill vum Ballaké Sissoko.
Playlist:
01. Vanessa da Mata & Ben Harper - Boa Sorte (Good Luck) - Hôtel Costes 11
02. Fixi & Nicolas Giraud - Oto (feat. Maïa Barouh) _ TEMPO TEMPO! (A Tony Allen Celebration)
03. Etienne de la Sayette & Wild Horses Orchestra - Nave Nave Moe - Single
04. Churupaca - Luna Nueva - Sesiones de Estudio (En Vivo) - Single
05. Hindi Zahra - At the Same Time (Remastered) - Handmade (Remastered)
06. Mayra Andrade - Plena - MangaAt the Same Time (Remastered)
07. Ÿuma - Denia Dour - HANNET LEKLOUB
08. Loshh - É Beré - Ífaradá
09. Jake Shimabukuro - If 6 Was 9 - he Greatest Day
10. Shemekia Copeland - Married to the Blues - Turn the Heat Up!
11. Ballaké Sissoko & Piers Faccini - Special Rider Blues - Single
12. Khalid Khudayri - Dad Max (feat. Tom Hornig & Munir Khauli) - Invisible Reality