"The Roots Explorers" vun der Multiinstrumentalistin Youthie an dem Riddim Maker Macca Dread zielt zu de Beschten Instrumental-Disken am Reggae-Genre.
"Libertango" vum däitsche Batteur Wolfgang Haffner ass eng interessant jazzy Interpretatioun vum Piazzola sengem berüümte Stil hei awer mat skandinaveschem Flair ...
Wüsten-Blues verbonne mat entspaantem psychedelesche Funk, "Diarabi" ass en hypnotesche Song aus dem gemeinsamen Album "Ali" vum Gittarist Vieux Farka Touré aus dem Mali an dem texaneschen Trio Khruangbin.
D' Whitney Coleman ass eng talentéiert independent Singer-Songwriterin a Musekerin. Hiren Titel "Haiti" ass eng Äntwert op d'Äerdbiewe vum 12 Januar 2010 wou iwwer 200.000 Mënschen hiert d'Liewe verluer hunn an iwwer eng Millioun Mënschen hiert Doheem. Den Album "The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" déngt als Opruff fir Solidaritéit mat dem Affer vum Desaster.
Yo La Tengo goufen 1984 zu Hoboken an New Jersey gegrënnt vun der Koppel Ira Kaplan an Georgia Hubley. Si hu Kult-Status!
Déi brittesch-indesch Singer-Songwriterin Susheela Raman gëtt geschat fir hier onkonventionell Fusioun aus traditioneller indescher Musek an de moderne westleche Genren.
Tangled Tape ass eng Band déi 2015 zu Toulouse gegrënnt gouf. Hiren Album "Back & Forth" koum 2019 eraus an hat och Succès, souguer international.
Déi franséisch Singer-Songwriterin Yelli Yelli hellt am Studio oder Live op a gëtt ënnerstëtzt vu wiesselende Museker a Produzenten. Mam richtegen Numm Émilie Hanak, d'Musek vu Yelli Yelli ass eng ganz eege Fusioun aus Elektro-Pop, Folk an traditionellen algeresch-Kabylesche Kläng.
Playlist:
01. Youthie & Macca Dread - Atumbao - The Roots Explorers
02. Wolfgang Haffner - Libertango (feat. Ulf Wakenius, Sebastián Studnitzky & Vincent Peirani) - Kind of Tango
03. Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Papa Kossa - Nocturne
04. Vieux Farka Touré & Khruangbin - Diarabi - Ali
05. Whitney Coleman - Haiti (feat. CDP, Voice & Ses Da Great) -The Love Chapter: Lessons from a Human Heart
06. Alfa Mist - 9 Months - Roulette
07. Weezer - Playing My Piano - OK Human
08. Widowspeak- Even True Love - Plum
09. Yo La Tengo - Stockholm Syndrome - I Can Hear the Heart Beating As One (25th Anniversary Deluxe Edition)
10. Sylvie Kreusch - Home - Comic Trip
11. Susheela Raman - Annabel (feat. Samuel Mills & Gondrong Gunarto) - Ghost Gamelan
12. Tangled Tape - Excuses - Back & Forth
13. Yelli Yelli - Nedjma - La violence est mécanique
14. Tau & the Drones of Praise - The Sixth Sun - Misneach