arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Womad - Gent Jazz Festival

Womad - Gent Jazz Festival

Lauschteren play_arrow
headphones

58 min

Der Hempress Sativa hir Racinne leien am Roots Reggae, deensi uräichert mat Hiphop, R&B an Afrobeat.


Kweku of Ghana, kuerz KOG, ass de Leader vum Afro-Fusioun-Kollektiv K.O.G & The Zongo Brigade an och de Leadsänger vun der afro-futuristescher Supergrupp Onipa. Si sinn um Womad Festival dëst Joer, mee awer och fir e puer rar Optrëtter an Europa ze gesinn.


Dem Mádé Kuti säi Papp ass de Femi a säi Grousspapp de Fela Kuti, mee de Mádé plout säin eegent Afrobeat-Feld!


De Mohammad Reza Mortazavi aus dem Iran ass e Meeschter vun de Perkussiouns-Instrumenter, wéi den Daf an Tombak. Hie vereent déi traditionell Kläng an engem experimentellen Ausdrock mat Jazz an Electronica Influenzen.


Kameel ass en energeschen Trio aus der Belsch deen den Jazz mam Rock an der Electro fusionéiert. Si sinn ze gesinn um Gent Jazz Festival, am Juli, e Festival mat engem excellente Line-up. Dorënner de Patti Smith Quartet, Tindersticks, Terence Blanchard & Ravi Coltrane, Sun Ra Arkestra, Lakecia Benjamin, Suzanne Vega, John Hiatt Solo, Luka Bloom …


A Schwede gebuer, seng Eltere kommen aus Argentinien: de Singer-Songwriter José González war am Fong amgaang Biochemiker ze ginn. Säin Debutalbum "Veneer" hat allerdéngs esou e Succès, datt e Wiessel an der Beruffswiel onëmgänglech war.


Den Trio LYR erfuerscht d’Hannerland vum ambient Post-Rock. De Spoken Word ass dee vum englesche Poet Simon Armitage, eng Decouverte.


Playlist:

01. Hempress Sativa Feat. Junior Murvin - No Retreat

02. Jembaa Groove, K.O.G - Sweet My Ear

03. Lamisi - Come

04. Nsikak David, Mádé Kuti - Madrid

05. Mohammad Reza Mortazavi - Zendegi

06. Gorillaz, Tony Allen - The Hardest Thing

07. Kameel - Variomatic

08. José González - This is how we walk on the moon

09. Africa Express Feat. Onipa, Jupiter and Okwess, Otim Alpha, Damon Albarn, Joan as Policewoman - Invocation

10. LYR - Guernica Jigsaw

11. Kankawa Nagarra - Cunning Basy Blues

12. Kankawa Nagarra - Butterfly Song

13. Kankawa Nagarra - Dollar Sign

14. Lemoncello - Meet Me Half Way

15. K.O.G, The Zongo Brigade - Suro Nipa

Episoden

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow