Deen neien Album vum mexikanesche Gitarrenduo Rodrigo y Gabriela ass "Our Home" iwwerschriwwen a soll den 18. September erauskommen. Den Disk ass eng Eegeproduktioun mat Elementer aus dem Metal, der Klassik an dem Rock. Interessant Gaaschtmuseker:inne sinn dobäi wéi de Marty Friedman (ex-Megadeth) an déi japanesch Jazz-Pianistin Hiromi.
Dem Saul Williams säin neien Album "Leap Life" ass en Disk, bei deem d'Grenzen tëschent Spoken Word, jazzeger Abstraktioun, Hip-Hop-Elementer a westafrikanesche Rhythmen opgehuewe ginn, fir e wierklech neie Sound ze schafen!
En neit Lidd vun der Fiona Apple koum viru Kuerzem eraus. "Horns of a Bull" ass den offiziellen Titelsong vun der neier Apple TV+-Miniserie "Lucky" mat der Anya Taylor-Joy an der Haaptroll.
Little Barrie hire 6. an neie Studioalbum heescht "Gravity Freeze", eng éischt Aarbecht ouni hire Batteur Virgil Howe, deen 2017 gestuerwen ass. D'Grënner-Membere Barrie Cadogan a Lewis Wharton hu sech fir dësen Album inspiréiere gelooss vun der Paralys vum Schlof, dee Moment, wou een erwächt an awer nach weider dreemt.
Deen neien Album vum Beck "Ride Lonesome" ass déi éischt Verëffentlechung no sengem 2019er "Hyperspace". Melancholesch an intim, de Beck geet erëm a Richtung Folk!
Playlist:
01. Helado Negro & Reyna Tropical - Tocando - Helado Tropical
02. Miramar - Juntos - Entre Tus Flores
03. Zé Nigro - Gorjeios (feat. Arthur Verocai) - Silêncio
04. Rodrigo y Gabriela - OurHome - OurHome
05. Rodrigo y Gabriela - Monster - OurHome
06. Alfa Mist - 9 Months - Roulette
07. Saul Williams - Conspiracy (feat. Moor Mother & Gonjasufi) - Leap Life
08. Fiona Apple - Horns of a Bull - Soundtrack Lucky
09. Little Barrie - Talk It Up Like It's Wanted - Gravity Freeze
10. Little Barrie - It Isn't Soul - Gravity Freeze
11.Little Barrie - Gravity Freeze - Gravity Freeze
12. The Black Keys - Good Love (feat. Billy F Gibbons) - Dropout Boogie
13. Kim Gordon - Play Me - Play Me
14. Beck - Ride Lonesome - Ride Lonesome
15. Lemoncello - Meet Me Half Way - Single
16. Worries And Other Plants - What Is It - Pieces - EP
17. Nsikak David & Madé Kuti- Madrid - Strings Of Solace EP