Dem J.J Cale seng Aart a Weis den Erausfuerderunge vum Liewen optimistesch a Laid-Back géigeniwwer ze trieden héiere mer am Titel "Carry On" vum Album "Shades" deen 1981 erauskoum.
Mir entdecken den Energie-geluedenen Surf-Rock influenzeiereten Instrumental vum legendäre japanesche Gittar-Pionéier Takeshi Terauchi zesumme mat senger Backing Band The Blue Jeans.
"Take It All In and Check It All Out" ass e Klassiker vum Bill Withers aus dem Joer 1971. Mir entdecken haut en organesche Cover vum zu Edinburgh baséierte Singer-Songwriter Joseph Malik.
Eng heavy politesch a sozial Kritik géigeniwwer Medien déi op Sensatioun aus si vermëttelt de Jack Johnson a sonneg Rhythmen agepak, am Titel "Good People".
D' Produktiounstechnike veränneren sech rasant an der Musek sou wei och d'Ethik. Beim Track "No Retreat" vun der Jamaikanescher Singer-Songwriterin Hempress Sativa héiere mer di legendär Reggae Ikon Junior Murvin sangen obwuel dësen ni mat der Artistin zesummen opgeholl huet. De Murvin ass 2013 gestuerwen an d'Hempress Sativa huet dësen Track 2017 opgeholl. Wat mer héieren ass also e Sample vun enger Vokaler Contributioun vum Junior Murvin ronderëm dee D'Hempress Sativa hiren Track opgebaut huet, posthum.
"Tobacco Road", geschriwwen an opgeholl als en akustesche Folk-Blues Track vum amerikanesche Singer-Songwriter John D.Loudermilk 1960 a spéider ass e radikal nei interpretéiert gi vum Eric Burdon.
Down-Tempo Elektro haut vum ungaresche Museker a Produzent Yonderboi (László Fogarasi Jr.). D'Lyrics a Vokal Prestatioun vum Lidd ass iwwregens eng adaptéiert Re-Interpretatioun vun Dire Straits hirem "Follow Me Home" aus dem Joer 1979. Dem Yonderboi seng Verwandlung vum Track deen op sengem Album Splendid Isolation (2005) ze fannen ass, steet fir sech.
Playlist:
01. J.J. Cale - Carry On - Shades
02. The Just Brothers - Sliced Tomatoes - A Break from the Norm
03. Takeshi Terauchi - Hoshi Eno Tabiji (Journey To The Stars) [feat. Blue Jeans) - Nippon Guitars
04. Ben Harper - When It's Good - Diamonds On the Inside
06. Joseph Malik - Take It All in and Check It All Out - Diverse
07. Jack Johnson - Good People - In Between Dreams
08. Toro y Moi - The Loop - MAHAL
09. Hempress Sativa - No Retreat (feat. Juniore Murvin)
10. Galliano - Prince Of Peace
11. Ronnie Foster - Summer Song - Another Late Night: Tommy Guerrero
12. Yusef Lateef - Jungle Plum - The Gentle Giant
13. War - Tobacco Road - Anthology (1970-1994)
14. Yonderboi - Follow Me Home - Splendid Isolation
15. A-f-a-r - Plastic Riot - The Refuge
16. Yello - Rubberbandman - Essential Yello