Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ New Songs, Old Stories

New Songs, Old Stories

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Elo ass en do, ganz a voller Längt, den Album vun der Souad Massi, nodeems e vun der Single "Dessine-moi un pays" ugekënnegt gouf. Zwee nei Extraite ginn haut virgestallt.

De Kontrabassist a Komponist François Poitou huet eng Aktualitéit "Le sec et la lune", en Disk, dee sech tëschent Jazz a Kammermusek beweegt, aussergewéinlech ...

Deen tierkesch-hollännesche Sextett Altin Gün annoncéiert en neien Album fir d'nächst Fréijoer an deelt elo schonn eng éischt Single mat eis, an dës klengt villverspriechend!

Déi israeelesch-persesch Sängerin Liraz, och si verbënnt grad wéi Altin Gün Retro a modern Kläng, eng Bréck also tëschent gëschter an haut, tëschent Traditioun a moderner Pop ....

Elo am Oktober huet d'Songwriterin Rachel Dadd hiren neien Album "Kaleidoscope" verëffentlecht. Et ass en Disk, dee vum Lockdown beaflosst ass, den Ausdrock vun engem Bléck, deen no banne geriicht ass an der Freet sech mat deenen anere Museker erëmzegesinn.

Tau & the Drones of Praise ass e Kollektiv, vum Shaun Mulrooney ugedriwwen, een an Irland gebuerene Museker, deen den Ament zu Berlin baséiert ass. Seng Museker-Kolleege sinn ë. a den Earl Harvin, Drummer bei den Tindersticks ...

Beim Jacob Banks sengem neien Album "Lies About the War" geet et ëm Geschichten, déi net iwwerpréifbar sinn ..

Dem franséisch-armeenesche Pianist André Manoukian säin neien Album "Anouch" gëtt fir de 4. November ugekënnegt. Nodeems hien d'lescht Joer en Hommage un dem Serge Gainsbourg säi Repertoire verëffentlecht hat, esou ass "Anouch" en Hommage u seng Groussmamm. Gläichzäiteg steet hei och déi armeenesch Musek am Virdergrond, déi de Pianist mam Jazz vermëscht.

Minimalistesch, experimentell, multidimensional, jo sophistiquéiert ass deen neie "Somnambulist Blues" vun Destroyer aka Dan Bejar, hei zesumme mam Museker a Produzent Sandro Perri.

Playlist:


Souad Massi (& Piers Faccini ) - Mirage (feat. Piers Faccini) - Sequana
Souad Massi - Hurt - Sequana
François Poitou - Layem (feat. Emel Mathlouthi) - Le sec et la lune
Altin Gün - Leylim Ley - Leylim Ley - Single
Liraz - Tanha - Roya
Rachael Dadd - Moon Sails - Kaleidoscope
Tau & the Drones of Praise - The Sixth Sun - Misneach
Danger Mouse & Black Thought - The Darkest Part (feat. Raekwon and Kid Sister) - Cheat Codes
Jacob Banks - By Design (Evel Knievel) - Lies About the War
André Manoukian - Rondo Arménien - Rondo Arménien
Titi Robin - Lila - Ces vagues que l'amour soulève
Arat Kilo, Mamani Keita, Rusan Filiztek & Siar Hashimi - Mirage (Ouverture) - Sowal Diabi (From Kaboul to Bamako)
Destroyer - Somnambulist Blues (feat. Sandro Perri) - Somnambulist Blues (feat. Sandro Perri) - Single
Yvan Robilliard - Double jeu - Homemade

Musek

Episoden

Vagabonds & Soulmates

Traditiounen aus dem Jemen, News aus dem Balkan a spezielle Gesang aus Finnland
headphones

55 min

play_arrow

Sunshine Music

Labbere Groove aus Neizéiland, eng erfrëschend klassesch Komponistin, an e puer “égaréiert” Museker di sech ëmmer erëm zesummefannen.
headphones

56 min

play_arrow

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!
headphones

56 min

play_arrow

Hierscht 2024

Etappen an der Tierkei, Indien, Australien, Portugal an an den Tiroler Bierger
headphones

57 min

play_arrow

One World Tribe

En Afrobeat, dee vum Jazz a vum Soul geniert ass, tribalen Drumming a Globetrotter
headphones

56 min

play_arrow

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974
headphones

56 min

play_arrow

Chill and move

Musek fir ze chillen, ongewéinlech Influenzen, déi openeen treffen an Neiverëffentlechungen
headphones

56 min

play_arrow

Musek an Aktivismus

Blues, Rock, e bëssen Jazz a staark Gefiller
headphones

57 min

play_arrow

Are You Going With Me

E franséische Produzent, deen op de Sound aus den Trope steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow