The Alostmen ass eng 5 käppeg Band aus Ghana zesummegesat mat Museker aus verschiddenen ethnesche Gruppen. Em di 70 verschidden Ethnië ginn am Ghana gezielt. Konflikter wieren immens seelen - heescht et - woumadder d’Land als Beispill fir Stabilitéit an ethnesch Integratioun a West-Afrika gëllt.
Retour haut bei den Tricky, Pionnéier vum Trip Hop, Member vu Massive Attack, bekannt fir säin experimentellen an e bëssen düstere Stil. Säin Album "Mixed Race" ass kuerz, knapp 30 Minutten awer immens villsäiteg.
Mir entdecken den Aidan Miller, en zu Vancouver baséierten Jazz Pianist a Museker deen den Jazz mat Soul, Funk a Gospel uräichert.
Déi aussergewéinlech Nina Simone hat a jonke Jore vun enger Carrière als klassesch Pianistin gedreemt gouf awer dorunner gehënnert wéinst hirer Hautfaarf. Mir lauschteren e ganz speziellen Titel vum Album "Pastel Blues" aus dem Joer 1965.
Haut och e Retour an d’Ugangs 50er bei de Frankie Laine, amerikanesche Sänger, Entertainer a Schauspiller.
Um Album "Afrika speaks" ass de Carlos Santana an der gudder Gesellschaft vun der spuenescher Sängerin Buika beim Titel "Paraíso Quemados", bei dem et em der Artistin hir Dreem geet, hier Illusiounen an Erënnerungen.
Playlist:
01. Dandara, Chakib Bouzidi & G. Zamora - Se Ve - &Chakib
02. Alostmen - Teach Me - Teach Me
03. Schur - Embers - Cactus
04. Wax Tailor - Shining Underdog (feat. Boog Brown) - The Shadow of Their Suns
05. Tricky - Come to Me - Mixed Race
06. Iggy Pop - Loves Missing - Free
07. Mdou Moctar - Tarhatazed - Ilana (The Creator)
08. Aidan Miller - Way Down In the Hole - Aidan Miller
09. The Replacements - Lowdown Monkey Blues (feat. Tom Waits) - Dead Man's Pop
10. Nina Simone - Be My Husband - Pastel Blues
11. Frankie Laine - Jealousy (Jalousie) - Frankie Laine's Greatest Hits
12. Jalen Ngonda - Just As Long As We're Together - Single
13. LaBelle - Lady Marmalade - Nightbirds
14. Santana - Paraísos Quemados (feat. Buika) - Africa Speaks
15. De-Phazz - Rise & Shine - Natural Fake (iTunes Version)