Akustesch Kläng mat Influenzen aus dem R&B, Hiphop an der afrikanescher Musek léist de Mon Rôvia erkléngen.
Den Artist mat ibeeresche Racinnen huet seng eegen Ästhetik. Virun e puer Deeg koum säin Debutalbum "Bloodline" eraus. D’Musek ass duuss, easy-going mat awer luciden an direkten Aussoen zu politeschen Theemen, Gewalt an Ongerechtegkeeten.
Den Titi Robin ass e franséische Komponist a Multiinstrumentalist. Säi Stil vereent Elementer vun der Musek aus dem Mëttelmierraum, dorënner déi vun de Roma, an och orientalesch Influenze prägen seng Musek. Den Titi Robin spillt d’Gittar, de Buzuq, d’Mandolinn an den Oud.
Fils vum legendären Ali Farka, de Vieux Farka Touré, lauschtere mir an zwou verschiddene Collaboratiounen: eng zesumme mam israeelesche Museker Idan Raichel um Album "Samba" an eng aner mat der amerikanescher Musekerin a Sängerin Julia Easterlin vum gemeinsamen Album "Touristes". Den Desert Blues lieft weider a wäit iwwer d’Grenze vu sengem Ursprongsland eraus.
De Samba Touré ass net Famill mam Ali Farka, mee gouf awer souzesoe vun dësem grouss gezunn. Hien huet am Ali Farka Touré senger Grupp gespillt an zielt zu den accreditéierte Vertrieder vum Desert Blues aus dem Mali.
Mir tauchen an déi net onbedéngt evident, mee inspiréierend Klanglandschafte vun den Ierwe vum Flamenco an. Ee Pilier hei ass de Raül Refree, Museker a Produzent, dee sech fir Traditiounen interesséiert an dës weiderdenkt bis hin zu engem visionären Ausdrock. Mir lauschteren eng nei Zesummenaarbecht mat der Maria Mazzotta. Déi 2 beschreiwe musikalesch d’Italien aus enger anerer Zäit, reliéis Gesäng, Aarbechts- a Schloflidder déngen als Grondlag. Dat Ganzt an enger zäitgenëssescher Tonalitéit.
Fir den Album "el espacio entre" huet de Raül Refree zwou verschidden existéierend Opname mat vill Geschéck zesummegewierfelt, allebéid Filmmuseken. Vun do hier warscheinlech dës esou suggestiv Klanglandschaften, déi net vun dëser Welt ze si schéngen.
Mir entdecken deen neien an Debutalbum "Río Abajo" vun der venezuelanescher Artistin Rebecca Roger Cruz. Och si entwéckelt unique Paysagen mat Referenzen un déi al Museken.
Playlist:
01. Mon Rovîa - Somewhere down in Georgia - Bloodline
02. Mon Rovîa - Running Boy - Bloodline
03. Saint Privat - Boom, boom click! - Years Dope Noir (Blue Album)
04. Donna Blue - Cup of Time - Dark Roses
05. Titi Robin - Ali Farka danse et se souvient - Rebel Diwana
06. Vieux Farka Touré & Julia Easterlin - A’Bashiye (It's Alright) - Touristes
07. Vieux Farka Touré - Maya (feat. Idan Raichel) - Samba
08. Samba Touré - Fondo - Binga
09. Jean-Jacques Milteau - Jack the Man (feat. Demi Evans) - Fragile
10. Kubix - Deep Eyes - Guitar Chant
11. Raül Refree & Maria Mazzotta - Damme nu ricciu - Damme nu ricciu
12. Rebecca Roger Cruz - Sol de Luna Llena - Single
13. Raül Refree - Lamentos de un rescate - el espacio entre
14. Philippe Cohen Solal & Mike Lindsay - Hark Hark, My Friend, Cannon Thunders Are Swelling (feat. Adam Glover & Hannah Peel) - Outsider
15. Avishai Cohen - Eleven Wives - Gently Disturbed