D’Erika Stucky ass bekannt fir hir ongewéinlech Cover-Versiounen. D’Sängerin, Multiinstrumentalistin a Performerin leet méi artistesch Identitéiten un den Dag an ass eenzegaarteg! Si huet 2 aktuell Projet’en sou zum Beispill hire Stucky’s Ice Orkestra zesumme mam Museks-Ensemble We Spoke. An hei geet et em de Klang vun der Gletscherwelt. An deen aneren aktuelle Projet heescht «Stucky Fingers». Den excellenten Album Sticky Fingers vun de Stones deen 1971 erauskoum gëtt vun der Erika Stucky auserneegeholl a nei zesumme gesat.
De Säite-Projet “ Ich liebe Dich” vun der Sophie Hunger zesumme mam Batteur a Perkussionist Dino Brandão presentéiert 12 Lidder op schwyzerdütsch wou alles sech em d’Léift dréit. Den Dino Brandão léist sech hei vun de Rhythme vu sengen angolanesche Racinnen inspiréieren, de Bassist Julian léist sengersäits seng Jugend als Punker opliewen an d’Sophie suergt nieft dem Gesang um Piano fir Jazzeg Vibes.
Eenzegaarteg gesampelt Sounds héiere mir beim Schwäizer Duo Yello. Den Dieter Meier a Boris Blank definéieren hire Klang als e Mix vun Anarchie a Präzisioun. Aktuell gëtt de 40 Gebuertsdag vum Album ‘Oh Yeah’ aus dem Joer 1985 gefeiert mat der Verëffentlechung vun enger limitéierter Vinyl Oplaag.
De Schwäizer Stëmmakrobat Christian Zehnder verzaubert eis mat senger Solo-Aarbecht an Éiere vum Kueb a mat enger spannender Zesummenaarbecht mat Stimmhorn a Kold Electronics. Avantgarde, Abstrakt an einfach inspiréierend.
Playlist:
01. Erika Stucky - Afro Blue (Live) - Stucky Live
02. Dino Brandão, Faber & Sophie Hunger - Derfi di hebe - Ich liebe Dich
03. Zehnder - Oh Raura (For Nadja) - Kraah
04. Stimmhorn & Kold Electronics - Woschnuhi - Igloo
05. Yello - Drive / Driven- Essential Yello
06. Chłopcy Kontra Basia - The Supper - Brexit Blues
07. Adam Ben Ezra - Can’t Stop Running - Single
08. De-Phazz - Rise & Shine - Natural Fake
09. Rod Piazza & The Mighty Flyers - Honey’s Blues - For the Chosen Who
10. Charley Crockett - Downtrodden Man - In the Night
11. Hermanos Gutiérrez - Tres Hermanos (feat. Dan Auerbach) - El Bueno Y El Malo
12. DeWolff - Winner (When It Comes to Losing) - Muscle Shoals
13. The Harlem Gospel Travelers - Get Involved - Rhapsody
14. Lawne - The Huge Balloon - The Huge Balloon
15. Isaiah Collier - Never Back Down (feat. Jimetta Rose) - Parallel Universe