arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Näischt Neies ënner der Sonn

Näischt Neies ënner der Sonn

Lauschteren play_arrow
headphones

57 min

D’Original vun “Shakin' All Over" vun Johnny Kidd and the Pirates ass en Titel, deen 1960 op Plaz 1 an den englesche Single Charts war. Schléit op d’Hëften, garantéiert!


D’Léift ass dat wuel meescht gesongent Theema am Rock-Pop. "Love is Cruel" fënnt de Miles Kane. Den Titel ass ze fannen op "Sunlight in the Shadows", de 6. Studioalbum vum Englänner.


"Smiling Faces Sometimes" staamt aus der Fieder vum Norman Whitfield a Barrett Strong, geschriwwe fir de Motown Label an original opgeholl gi vu The Temptations 1971. Mir lauschteren awer eng bekannte Coverversioun um Album "Ma" vu Rare Earth, aus dem Joer 1973.


“Cosmic Dancer“ vum Album “Electric Warrior“ aus dem Joer 1971 ass e Lidd, bei deem de Marc Bolan déi hinduistesch Gottheet Shiva als Symbol fir d’Zesummespill vu Liewen an Doud beschreift.


Den Angelo Daniele Badalamenti war en amerikanesche Komponist mat italieeneschen Originnen. Hie gouf virun allem bekannt als Filmkomponist a senger laanger Zesummenaarbecht mam Regisseur David Lynch.


Dem Jimi Hendrix säin "If 6 Was 9" gouf vill gecovered. Eng faméis Interpretatioun ass déi vun Axiom Funk mam Bootsy Collins um Bass. Eng kleng Pärel, déi ze fannen ass um Soundtrack vum Bernardo Bertolucci sengem Film "Stealing Beauty".


Pathos, deen a Stil ëmgewandelt gëtt, dat ass eng Konscht! Esou gëtt déi éischt Ep vu Jaguare Affair beschriwwen. Hei begéine mir den Édouard Choupay a säi prezise, wéi verspillte Songwriting, deen absolut keng Pose anhuele wëllt, mee den Equiliber sicht tëschent Déift a Liichtegkeet, tëschent deem, wat ee lieft a wat een doraus mécht.


Den Avishai Cohen ass ee vun den innovatiivste Bassisten a Komponiste vun haut. Um Album "Gently Disturbed" héiere mir 9 original Kompositiounen, geschriwwe vum Cohen selwer oder vu sengem Trio.


Playlist:

01. Johnny The Kidd and the Pirates - Shakin’ All Over

02. Miles Kane - Love Is Cruel - Sunlight In The Shadows

03. T. Rex - Cosmic Dancer - Electric Warrior

04. Rare Earth - Smiling Faces Sometime - Anthology (The Best Of Rare Earth)

05. Takeshi Terauchi - Hoshi Eno Tabiji (Journey To The Stars) [feat. Blue Jeans] - Nippon Guitars

06. Calexico - El Mirador - El Mirador

07. Giant Sand - Pitch & Sway - Provisions

08. Angelo Badalamenti - Dance of the Dream Man - Twin Peaks (Soundtrack From)

09. Tim Booth & Angelo Badalamenti - Dance of the Bad Angels - Booth and the Bad Angel

10. Axiom Funk - If 6 Was 9 - Soundtrack Stealing Beauty

11. Jaguare Affair - Comment lui dire - Comment lui dire - Single

12. Arthur H - La route - LA VIE

13. Avishai Cohen - Eleven Wives - Gently Disturbed

Episoden

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow

A Day For The Hunter, A Day For The Prey (Rediff. vum 30.12.2019)

Äthiopesch an italieenesch Museker:innen am Austausch, déi räich Musekstraditioun vun Haiti, eng Collaboratioun tëschent Westafrika a Litauen an e bësse Voodoo
headphones

56 min

play_arrow