Déi zu Ho Chi Minh City baséiert Band Saigon Soul Revival léisst d’Musek vu Saigon aus de 70er Joren nei opliewen …
Mam Album “Acousti” revisitéiert d’Diva Oumou Sangaré aus dem Mali sech selwer, an zwar Lidder vun hirem Opus “Mogoya”.
D’Dolly Parton an de Mëtt 70er benotzt ausgeleiert Second-Hand-Saachen aus engem Discounter als Metapher fir eng Fra, déi geschiedegt ass vun enger toxescher Bezéiung.
Der Beyoncé hiren Titel “Daughter” beréiert souwuel musikalesch wéi och um Niveau vun de Lyrics.
D’Woody Simmons ass bekannt fir hiren unique Banjo-Stil, si spillt och de Piano an d’Mandolinn, hei eng kleng Pärel aus dem Joer 1976.
Traditionell Musek aus Galizien héiere mir interpretéiert mat engem Accordeon an enger Gei vu Caamaño & Ameixeiras, zwou jonk Musekerinnen, déi eng eege Sprooch erfannen.
Ballaké Sissoko (Kora) a Vincent Segal (Cello), Vincent Peirani (Accordéon) an Emile Parisien (Saxofon). Dës 4 Artiste passe perfekt zesummen. Hire Album “Les Égarés” schaaft eng poetesch Klanglandschaft, Virtuositéit vun all eenzelen a gläichzäiteg d’Konscht Komplizen an der Musek ze sinn.
Playlist:
01. Saigon Soul Revival - Ai Thật Lòng Yêu Ai - Mối Lương Duyên
02. Kit Sebastian - Faust - New Internationale
03. Bixiga 70 - 100% 13 - III
04. Mo’kalamity - Under the Rain (feat. The Wizards) - Freedom of the Soul
05. Oumou Sangaré - Saa Magni (Acoustic) - Acoustic
06. Neil Young - Lookin' for a Leader - 2020 - Single
07. Dolly Parton - The Bargain Store - Bargain Store
08. Beyoncé - DAUGHTER - COWBOY CARTER
09. Kaia Kater - Mechanics of the Mind - Strange Medicine
10. Magnolia Electric Co - Talk To Me Devil Again - Fading Trails
11. Woody Simmons Fo- Grey Today - lk Is Not a Four Letter Word 2
12. Caamaño & Ameixeiras - A pequeña morte - Quitar o aire
13. Vincent Peirani, Vincent Segal, Ballaké Sissoko & Emile Parisien - Izao - Les Égarés