D’Fransouse vun The Buttshakers si beaflosst vu Sly an the Family Stone an der Sharon Jones a loosse Motown-Influenzen aus de 60er Joren erkléngen. Mir entdecken deen neien Album “Lessons In Love”.
Den Album “Black Lives - from Generation to Generation” ass net just eng Kompilatioun mat der Contributioun vun internationalen Artisten, déi déi schwaarz Jazz-Traditioun interpretéieren, mee se ass e Recueil mat Aussoen an Temoignagen iwwer de Rassismus a wéi mir dogéint ugoe kënnen.
Geschichte vun der afrikanescher Diaspora héiere mir och bei Mourning [A] BLKstar. Deen neien Album “Flowers For The Living” ass et derwäert em en oppent Ouer ze schenken.
Den Ian Urbina ass e Journalist, dee fir d’New York Times schreift. 2019 hat hie säi Buch “The Outlaw Ocean” publizéiert, wou déi däischter Säite beliicht ginn, wéi mir dës grouss Waasserlandschafte benotzen, en Universum ouni wierklech Grenzen a Gesetzer. Den Urbina wollt nodréiglech dësem Projet och eng musekalesch Dimensioun ginn andeems hie verschidde Beatmakers kontaktéiert huet. Dee franséischen DJ a Reggae-Produzent Fatbabs gouf fir de Projet zeréckbehalen.
Mir maachen eng Etapp a Südafrika. Déi 4 Museker vun Urban Village kenne just de risegen Township vu Soweto, eng Plaz wou vum Apartheid-Regimm déi schwaarz Populatiounen aus alle südafrikanesche Provënzen tëschegelagert goufen. Urban Village ginn net wéi vill jonker no Gold sichen, mee maache sech op d’Sich no hire Racinnen, der Musek a Ritualer vun hiren Dierfer, aus deenen si stamen.
De franséische Jazz-Quintett Papanosh huet 2 faméis Gaschtinvitéen um Album “Home Songs” invitéiert: Roy Nathanson, exzellente Saxofonist a Marc Ribot, avant-garde Gittarist.
Playlist:
01. The Buttshakers - Troubled Waters - Lessons In Love
02. Adam Falcon - Colored Man Singin' The Blues! - Black Lives - from Generation to Generation
03. Alfa Mist - 9 Months - Roulette
04. Mourning [A] BLKstar - Can We?- Flowers For The Living
05. Fatbabs & Ian Urbina - The Rainbow Warrior - 48° Nord (Inspired by ‘The Outlaw Ocean’ a book by Ian Urbina)
06. Fatbabs & Ian Urbina - The Seven Seas - 48° Nord
07. Yannic Seddiki Trio - Black or White Hat (feat. Robinson Khoury & Camille Passeri) - E-Life
08. Urban Village - Ubusuku - Udondolo
09. Green Moon Tribe - City Wok - Tribe (feat. Téo Crommen, Lorcan Fahy, Antoine Dawans, Antoine Rotthier, Lucas Deru & Thierry Crommen)
10. Papanosh - K’arallanta (with Roy Nathanson, Mark Ribot & Linda Olah) - Home Songs
11. Me and My Friends - To My Dear (Rework) - To My Dear
12. Paddy Sherlock - In Heavens Name - Dusk
13. PM Warson - Losing and Winning - True Story
14. Turner Cody & The Soldiers Of Love - Lonely Days in Hollywood - Friends in High Places
15. PM Warson - (Just) Call My Name - True Story