Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Transmusicales vum 7.-11. Dezember

Transmusicales vum 7.-11. Dezember

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Danielle Ponder ass mam Gospel grouss ginn. Hir Konscht steet am Déngscht vun der Soul, vum Blues a si setzt sech a fir benodeelegt Mënsche souwéi fir Chancëgläichheet. No un der Black Lives Matter Beweegung, d'Danielle Ponder erënnert un eng Nina Simone. Si hieft hir Stëmm géint de Rassismus.

Aus der Ukrain kënnt de Sunsay. Hien ass eng bekannte Figur an der Musekszeen a sengem Land. A sengem Solo-Projet "Sunsay" fusionéiert hie verschidde Genren, sengt an der Sprooch vu sengem Land, op Russesch an op Englesch.

Och fir d'alleréischt a Frankräich op der Bün steet Baby Volcano. D'Sängerin a Performerin aus der Schwäiz an aus dem Guatemala huet Sënn fir Kontraster. Si erfënnt eng Welt, déi vun Hexe peupléiert ass a wou d'Erfuersche vum Kierper an der Beweegung hirer hybride Pop Sënn anhaucht.

DJ, Beatmaker, Multi-Instrumentalist a Label-Chef, de franséisch-chileenesche Medline vermëscht afrikanesch, Latino, Funk, Jazz an Hip-Hop-Influenzen.

Vill Decouverten op den Transmusicales dorënner och den Duo Ruut. An dat ass eng interessant Renconter tëschent zwou Artistinnen aus Estland. Duo Ruut associéieren d'Stëmm mat enger Zitar aus hirem Land. Inspiréiert vun den Traditiounen an och vun de Croyancen aus anere Kulturen. All dës Influenze gi kombinéiert mat hirer ganz eegener zäitgenëssescher Schrëft. Duo Ruut komponéieren op engem eenzegen Instrument, esou ass d'Musek minimalistesch an awer vollgepaakt mat neien Iddien a vill Emotioun.

De Gittarist Seb Martel huet am Schiet vu ville bekannte Leit gespillt, dorënner Alain Chamfort, Camille, oder Femi Kuti. Haut konzentréiert hie sech méi op seng Solo-Karriär. Beim elegante Label inFiné presentéiert dëse Klangfuerscher en neien experimentelle Projet, wou rar elektresch Gittaren aus dem Musée de la Musique zum Asaz kommen ...

Den Numm mat vietnameeseschen Originnen indiquéiert et net: Phat Dat si véier Museker vu Lyon, déi hir Fënster grouss opmaachen op de Rescht vun der Welt ... eng vun den Decouverten hei.

Och ze gesinn op den Transmusicales dëst Joer ass den Ariel Tintar, deem seng Lidder d'Faarwe vu senge Reesen erëmginn: vun den Antillen a Brasilien, wou hien a Kontakt kënnt mat der schéinster Bossa Nova a Samba. Hei héiere mir awer och d'Faarwe vu senger Rees no bannen zu sech selwer, niddergeschriwwen op Franséisch a Kreolesch, ... beréierend an eng weider schéin Decouverte!

Playlist:


Karate Boogaloo & Danielle Ponder - Little Bit - Look Around / Little Bit - Single
Danielle Ponder - Some Of Us Are Brave - Some of Us Are Brave
Massive Attack - Heat Miser - Protection
SUNSAY - Love Manifest - Love Manifest - Single
Baby Volcano - FIN DEL MUNDO (PEAU) - FIN DEL MUNDO (PEAU) - Single
Medline - Liquid Sunshine - Solstice
Duo Ruut - Nightingale - Kulla Kerguseks - EP
Trio SR9 & Blick Bassy - Bad Guy - Déjà Vu
Immy Owusu - Brown Supremacy - Brown Supremacy - Single
Seb Martel - Blue Suede Shoes - Saturn 63
Phat Dat - Flowers - Flowers
Ariel Tintar - Es Ou Ka Sonjé - Es Ou Ka Sonjé - Single
Think Zik ! All Star & Ben l'Oncle Soul - River - Acoustic "Love" Sessions

Musek

Episoden

Vagabonds & Soulmates

Traditiounen aus dem Jemen, News aus dem Balkan a spezielle Gesang aus Finnland
headphones

55 min

play_arrow

Sunshine Music

Labbere Groove aus Neizéiland, eng erfrëschend klassesch Komponistin, an e puer “égaréiert” Museker di sech ëmmer erëm zesummefannen.
headphones

56 min

play_arrow

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!
headphones

56 min

play_arrow

Hierscht 2024

Etappen an der Tierkei, Indien, Australien, Portugal an an den Tiroler Bierger
headphones

57 min

play_arrow

One World Tribe

En Afrobeat, dee vum Jazz a vum Soul geniert ass, tribalen Drumming a Globetrotter
headphones

56 min

play_arrow

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974
headphones

56 min

play_arrow

Chill and move

Musek fir ze chillen, ongewéinlech Influenzen, déi openeen treffen an Neiverëffentlechungen
headphones

56 min

play_arrow

Musek an Aktivismus

Blues, Rock, e bëssen Jazz a staark Gefiller
headphones

57 min

play_arrow

Are You Going With Me

E franséische Produzent, deen op de Sound aus den Trope steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow