Radioen

On air

Soundcheck  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Transmusicales 7.-11. Dezember (Part 2)

Transmusicales 7.-11. Dezember (Part 2)

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

Den Trio Ali léisst en hypnotesche Groove aus Indonesien erkléngen. Et dominéiert de Klang aus der psychedelescher Underground Zeen vu Jakarta an de 70er Joren, awer mat der Grupp hiren aneren Influenzen a ganz eegenen Touch.


Eng jett Europa-Premièren aus ënnerschiddleche Genrë sinn och dëst Joer nees ze entdecken, dorënner d'Sworn Virgins, e mysteriéise britteschen Duo am Beräich Dark-Disco, Acid-House dat Ganzt mat enger gudder Portioun Humor.


Duo Ruut ass eng interessant Renconter tëschent zwou Artistinnen aus Estland. Si associéieren d'Stëmm mat enger estnescher Zitar.


Och aus Estland kommen de Ramo Teder a Marko Veisson, déi ënner dem Numm Puuluup eng Musek virstellen, déi déi ganz Klang-Palett vum Talharpa erfuerscht, en aalt skandinavescht Instrument.


Den Trio Gondhawa vun Angers vermëscht Afrobeat, Metal, progressive Rock mat engem psychedeleschen Touch a benotzt och mol afrikanesch oder asiatesch Instrumenter. Interessant och ass hiren Numm: Gondhawa als Referenz zum Barjavel sengem futuristesche Roman "La Nuit des temps", 1968 erauskomm.


D'Australierin Grace Cummings mat hirer rauer an imposanter Stëmm ass beaflosst vun de Folk Poeten a Poetinne vum 20. Joerhonnert, vun enger Joni Mitchell bis zum Bob Dylan an ass fir d'éischt op europäeschem Buedem live ze gesinn.


Déi éisträichesch Saxophonistin a Komponistin Muriel Grossmann gëllt als Geheimtipp vun der aktueller Jazz-Zeen, dat obwuel si ganz vill Disken ënner hirem Numm opgeholl huet. De Concert op den Trans ass op der Bün vum intime Sall vum Ubu ze gesinn, am Quartett, wou hire Saxophon vun enger Gittar, enger Batterie an enger Hammond Uergel begleet gëtt.


De Saxophon ass och dem Guillaume Perret säin Instrument, hien entwéckelt sech ëmmer méi zu engem Erfuerscher vum Klang. Op den Trans dëst Joer presentéiert de Guillaume Perret seng nei Kreatioun, wou hien nei Territoirë betrëtt mat sengem elektresche Saxophon a Maschinnen, dat zesumme mam Batteur Tao Ehrlich. Hiren Jazz reest duerch tribal Zone mat Influenzen aus verschiddenen Ethnië bis hin zu enger polyrhythmescher Techno.


Eng psychedelesch Cumbia loossen d'Kolumbianer vum Combo Chimbita erkléngen. D'Formatioun zelebréiert déi spirituell Ierfschaft vun hire Virfaren a si si gläichzäiteg fest am Here and Now verwuerzelt mat engagéierten Texter géint Rassismus a fir d'Rechter vun den LGBTQ+ Persounen.


D'Danielle Ponder gouf mam Gospel grouss a setzt hir Konscht an den Déngscht vun der Soul a vum Blues. Och si, grad wéi Combota Chimbita, setzt sech a fir benodeelegt Mënschen a fir Chancëgläichheet.


Playlist:



Ali - Dance, Habibi - Dance, Habibi/Single

Sworn Virgins - Searchin for Hiro - Strangers Hands/EP

Puuluup - Kasekesed - Viimane Suusataja

Duo Ruut - Nightingale - Kulla Kerguseks/EP

Gondhawa - Raba Dishka - Raba Dishka/Single

Grace Cummings - Storm Queen - Storm Queen

Muriel Grossmann - Essence - Universal Code

Guillaume Perret - Peace - A Certain Trip

Combo Chimbita - Ahomale - Ahomale

Seb Martel - Blue Suede Shoes - Saturn 63

Danielle Ponder - Some Of Us Are Brave - Some of Us Are Brave

Phat Dat - Flowers - Flowers


Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.