Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Déja Vu

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Forager Records hunn dëst Joer eng Anthologie verëffentlecht mat raren Opnamen aus de 70er an 80er Joren. Hei sinn zéng restauréiert a re-masteriséiert Titele vun onbekannten Artisten ze héieren.

"Cheat Codes" ass deen éischten Hip-Hop-Album vum Danger Mouse zanter 17 Joer an déi eenzeg Zesummenaarbecht vum amerikanesche Rapper Black Thoughts ausserhalb vu The Roots. Hei si mir am Beräich vum conscious Rap.

De franséische Perkussionisten-Trio SR9 huet en neien Album, deen "Déjà Vu" iwwerschriwwen ass. Hei sinn déi dräi Museker mat Gaaschtinvitéen ze héieren an der Interpretatioun vu Pop-Lidder.

Och derbäi den tierkesche Baglama-Meeschter Coşkun Karademir mam Album "Öz", wou de Museker Instrumenter aus verschiddene Kulturkreesser zesummeféiert an eng innovativ Fusioun schaaft!

Eng vun de schéinen Zesummenaarbechte vum italieenesche Perkussionist a Komponist Simone Prattico ass déi mam Paolo Fresu vu "Word of Mouth". Nach aner spannend Dialoger huet hien an der Lescht och mam Eric Legnini, Piers Faccini, Marcello Giuliani oder Vincent Peirani geféiert.

"Hannet Lekloub" ass den drëtten Album vum tuneeseschen Duo Ÿuma. Wann een der Musek misst eng Etikett verpassen, da wier dat Indie-Folk. Op arabesch gesongen ass "Hannett Lekloub" mat sengen eelef Titelen eng vun de fruchtbaren hybride Kollektioune vun eiser Zäit.

Deen an Äthiopie gebuerene Keyboarder Kibrom Birhane vermëscht spirituellen Jazz mat äthiopesche Motiver op senger Aktualitéit "Here And There". Méi Influenze sinn och erauszehéieren, dorënner ostafrikanesche Funk an dat Ganzt ergëtt en eenzegaartege musikalesche Raum.

Playlist:


Ron Eliran - Sky Dust Drifter - Sky Dust Drifter
Ben Harper - Problem Child - Bloodline Maintenance
Danger Mouse & Black Thought - The Darkest Part (feat. Raekwon and Kid Sister) - Cheat Codes
Trio SR9 & Blick Bassy - Bad Guy - Déjà Vu
Gino Sitson - Upward (feat. Manu Dibango) - Echo Chamber
Trio Da Kali & Kronos Quartet - Tita - Ladilikan
Coşkun Karademir -Rüzgar - Öz
Simone Prattico & Paolo Fresu -Word of Mouth - Word of Mouth - Single
Ÿuma - Denia Dour - Hannett Lekloub
Kibrom Birhane - Digis - Here and There

Musek

Episoden

Vagabonds & Soulmates

Traditiounen aus dem Jemen, News aus dem Balkan a spezielle Gesang aus Finnland
headphones

55 min

play_arrow

Sunshine Music

Labbere Groove aus Neizéiland, eng erfrëschend klassesch Komponistin, an e puer “égaréiert” Museker di sech ëmmer erëm zesummefannen.
headphones

56 min

play_arrow

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!
headphones

56 min

play_arrow

Hierscht 2024

Etappen an der Tierkei, Indien, Australien, Portugal an an den Tiroler Bierger
headphones

57 min

play_arrow

One World Tribe

En Afrobeat, dee vum Jazz a vum Soul geniert ass, tribalen Drumming a Globetrotter
headphones

56 min

play_arrow

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974
headphones

56 min

play_arrow

Chill and move

Musek fir ze chillen, ongewéinlech Influenzen, déi openeen treffen an Neiverëffentlechungen
headphones

56 min

play_arrow

Musek an Aktivismus

Blues, Rock, e bëssen Jazz a staark Gefiller
headphones

57 min

play_arrow

Are You Going With Me

E franséische Produzent, deen op de Sound aus den Trope steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow