Radioen

On air

Simon Says  |  Flavonoids - Escape Feat. Righteous, Krs One & Dj Mercilless

play_arrow Live
arrow_back_ios

De veganen Tipp mam Marie

100komma7.lu / De veganen Tipp mam Marie

/ Zopp mat Porretten a Gromperen

Zopp mat Porretten a Gromperen

headphones

2 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Dauer: 5 Minutte Virbereedung & 20 Minutte Kachen

Fir 4 Telleren Zopp brauche mir:
- 2 Zoppeläffelen Ueleg (z. B. Olivenueleg)
- 1 Zwiwwel
- 2 Knuewelek-Zéiwen
- 2 Porrette-Staangen
- 700 g Gromperen (Grompere mat fester Schuel schielen)
- 720 ml Geméis Bouillon (Waasser a Geméis-Bouillon-Pudder)
- Salz a Peffer

Fir d’Dekoratioun:
- Frëschen oder gedréchente Péiterséileg
- Kürbiskären

Zoubereedung:
- D’Zwiwwel an d’Knuewelek-Zéiwen a kleng Stécker schneiden
- D’Porrette botzen an a Stécker schneiden
- D’Gromperen a kleng Stécker schneiden
- Den Ueleg an enger Pan opwiermen
- D’Zwiwwel an d’Knuewelek-Zéiwen dobäi ginn a fir e puer Minutten ubroden
- D’Porretten a Grompere-Stécker dobäi ginn a fir e puer Minutten ubroden (ëmmer erëm ëmréieren)
- De Geméis-Bouillon dobäi ginn a fir ronn 20 Minutte kachen, bis d’Grompere mell sinn
- Mat Salz a Peffer ofschmaachen
- Optional: Frëschen oder gedréchente Péiterséileg, oder och Kürbiskären op d’Zopp streeën

Ernärung
Gesondheet
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Madeleinen

Madeleinen

Dee fluffegen Dessert aus Frankräich
headphones

4 min

play_arrow
Pesto mat Muertegréngs

Pesto mat Muertegréngs

Lecker Pesto Alternativ, fir d’Muertegréngs och mol ze benotzen
headphones

10 min

play_arrow
Äppeltaart Smoothie

Äppeltaart Smoothie

Ee gesonde Smoothie dee no Äppeltaart schmaacht
headphones

3 min

play_arrow
Lasagne

Lasagne

E Klassiker, veganiséiert
headphones

5 min

play_arrow
Eisekuch mat tierkeschem Flair (Baklava-Topping)

Eisekuch mat tierkeschem Flair (Baklava-Topping)

Eisekuch mat Baklava-Geschmaach, wéi deen tierkesche séissen Dessert mat Pistaschen.
headphones

2 min

play_arrow
Bouillon mat Pak Choi

Bouillon mat Pak Choi

Eng Zopp mat vill gesondem Geméis
headphones

4 min

play_arrow
Carrot Cake Muffins

Carrot Cake Muffins

E Rezept fir de Rescht Muerte vun Ouschteren ze benotzen.
headphones

3 min

play_arrow
Chai Latte

Chai Latte

En ayurvedeschen Drink mat ville Gewürzer
headphones

2 min

play_arrow
Brioche mat Schockelasstécker

Brioche mat Schockelasstécker

Perfekt fir d'Ouschterzäit
headphones

6 min

play_arrow
Hieselnoss Smoothie

Hieselnoss Smoothie

E gudde Smoothie fir en Energiekick!
headphones

1 min

play_arrow
Miso Zopp

Miso Zopp

Eng authentesch japanesch Zopp
headphones

6 min

play_arrow
Kniddelen

Kniddelen

Lëtzebuerger Rezept perfekt fir den Enn vum Wanter
headphones

6 min

play_arrow
Crèmeg Champignonszooss fir Pasta

Crèmeg Champignonszooss fir Pasta

Op Basis vu Cashewnëss
Veganen Cheesecake Parfait

Veganen Cheesecake Parfait

E schnellen Dessert, perfekt fir Vältesdag
headphones

4 min

play_arrow
Verwuerelter

Verwuerelter

Déi vegan Versioun vum Lëtzebuerger Klassiker fir Fuesent
Nuddele mat rouder Paprikazooss

Nuddele mat rouder Paprikazooss

Crèmeg Zooss mat gereechertem Paprika
headphones

5 min

play_arrow
Vegan Carbonara

Vegan Carbonara

E Pasta-Klassiker, veganiséiert
headphones

7 min

play_arrow
Vegane French Toast

Vegane French Toast

Perfekt fir ee séisse Brunch!
headphones

4 min

play_arrow
Pizza

Pizza

En einfacht Rezept fir e flotte Pizzaowend doheem
headphones

6 min

play_arrow
Pho Zopp

Pho Zopp

Vietnameesesch Zopp mat Nuddelen
headphones

7 min

play_arrow