Radioen

On air

Notturno  |  Actarus - Aikido

play_arrow Live
arrow_back_ios

De veganen Tipp mam Marie

100komma7.lu / De veganen Tipp mam Marie

/ Wellington mat Nëss a Champignonen

Wellington mat Nëss a Champignonen

headphones

7 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Dauer: 15 Minutte Virbereedung & 25 Minutte Baken


Mir brauchen:

• 2 Zoppeläffelen Olivenueleg (oder Sonneblummenueleg)

• 1 Zwiwwel, a kleng Stécker geschnidden

• 2 Knuewelekszéiwen, a kleng Stécker geschnidden

• 1 Kaffisläffel gedréchente Rosmarin

• ½ Kaffisläffel Koriander Pudder

• ½ Kaffisläffel gedréchenten Thymian

• ½ Kaffisläffel gedréchenten Oregano

• 240 g wäiss Champignonen, a kleng Stécker geschnidden

• 240 g brong Champignone, a kleng Stécker geschnidden

• 2 Portobello Champignone, a kleng Stécker geschnidden

• 2 Zoppeläffele Soja- oder Tamarizooss

• 1 Bliederdeeg (am beschte rechteckeg)

• 1-2 Zoppeläffele geschmolte Margarinn

• Optional als Dekoratioun: frësche Rosmarin

Fir d’Noss-Crème brauche mir:

• 150 g Walnëss (oder Cashewnëss)

• 130 ml Waasser

• ½ Kaffisläffel Salz


Zoubereedung:

1. An engem groussen Dëppen den Ueleg, d’Zwiwwel, de Knuewelek, d’Kraider kachen, bis d’Zwiwwele mëll sinn

2. D’Champignonen an d’Soja- oder Tamarizooss dobäi ginn a kache bis d’Champignone mëll sinn

3. An engem Mixer d’Nëss, d’Waasser an d’Salz fir e puer Minutte vermëschen (falls ze déckflësseg, e bësse méi Waasser dobäi ginn)

4. D’Nësscrème an d’Dëppen dobäi ginn, an alles fir e puer Minutte kachen

5. D’Zooss e puer Minutten ofkille loossen

6. De Schäffchen op 220 Grad Celsius opwiermen

7. E Bakblech mat Bakpabeier beleeën

8. De Bliederdeeg op de Bakpabeier leeën

9. Eng Säit mat der Champignon-Fëllung beleeën

10. De Bliederdeeg vun där anerer Säit opfalen, d’Ränner zesummendrécken

11. Mat der geschmolter Margarinn bepinselen

12. Mat engem Messer e puer Linnen um Wellington anzeechnen

13. Fir ronn 25 Minutte bei 220 Grad Celsius Ober-/Unterhitze baken

14. Fir e puer Minutten ofkille loossen

15. Mat frëschem Rosmarin dekoréieren

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Madeleinen

Madeleinen

Dee fluffegen Dessert aus Frankräich
headphones

4 min

play_arrow
Pesto mat Muertegréngs

Pesto mat Muertegréngs

Lecker Pesto Alternativ, fir d’Muertegréngs och mol ze benotzen
headphones

10 min

play_arrow
Äppeltaart Smoothie

Äppeltaart Smoothie

Ee gesonde Smoothie dee no Äppeltaart schmaacht
headphones

3 min

play_arrow
Lasagne

Lasagne

E Klassiker, veganiséiert
headphones

5 min

play_arrow
Eisekuch mat tierkeschem Flair (Baklava-Topping)

Eisekuch mat tierkeschem Flair (Baklava-Topping)

Eisekuch mat Baklava-Geschmaach, wéi deen tierkesche séissen Dessert mat Pistaschen.
headphones

2 min

play_arrow
Bouillon mat Pak Choi

Bouillon mat Pak Choi

Eng Zopp mat vill gesondem Geméis
headphones

4 min

play_arrow
Carrot Cake Muffins

Carrot Cake Muffins

E Rezept fir de Rescht Muerte vun Ouschteren ze benotzen.
headphones

3 min

play_arrow
Chai Latte

Chai Latte

En ayurvedeschen Drink mat ville Gewürzer
headphones

2 min

play_arrow
Brioche mat Schockelasstécker

Brioche mat Schockelasstécker

Perfekt fir d'Ouschterzäit
headphones

6 min

play_arrow
Hieselnoss Smoothie

Hieselnoss Smoothie

E gudde Smoothie fir en Energiekick!
headphones

1 min

play_arrow
Miso Zopp

Miso Zopp

Eng authentesch japanesch Zopp
headphones

6 min

play_arrow
Kniddelen

Kniddelen

Lëtzebuerger Rezept perfekt fir den Enn vum Wanter
headphones

6 min

play_arrow
Crèmeg Champignonszooss fir Pasta

Crèmeg Champignonszooss fir Pasta

Op Basis vu Cashewnëss
Veganen Cheesecake Parfait

Veganen Cheesecake Parfait

E schnellen Dessert, perfekt fir Vältesdag
headphones

4 min

play_arrow
Verwuerelter

Verwuerelter

Déi vegan Versioun vum Lëtzebuerger Klassiker fir Fuesent
Nuddele mat rouder Paprikazooss

Nuddele mat rouder Paprikazooss

Crèmeg Zooss mat gereechertem Paprika
headphones

5 min

play_arrow
Vegan Carbonara

Vegan Carbonara

E Pasta-Klassiker, veganiséiert
headphones

7 min

play_arrow
Vegane French Toast

Vegane French Toast

Perfekt fir ee séisse Brunch!
headphones

4 min

play_arrow
Pizza

Pizza

En einfacht Rezept fir e flotte Pizzaowend doheem
headphones

6 min

play_arrow
Pho Zopp

Pho Zopp

Vietnameesesch Zopp mat Nuddelen
headphones

7 min

play_arrow