De veganen Tipp mam Marie
Quiche mat Porretten a gereechertem Tofu
5 min
Dauer: 15 Minutte Virbereedung & 40 Minutte Baken
Fir eng grouss Quiche brauche mir:
- Fäerdegen Taartendeeg (oder Rezept ënnen)
- Zwou grouss Porrettestaangen
- 200 g gereecherten Tofu
- E bëssen Olivenueleg
- E bësse Paprika oder Chili Pudder
- 100 ml Soja- oder Huewer-Crème
- 300 bis 400 g Seiden-Tofu
- 50 g Maisstäerkt oder aner Stäerkt
- Kala Namak (schwaarzt Salz) oder Miersalz
- Schwaarze Peffer
- Optional: e puer Blieder Mauséiercherszalot
Fir de selwer gemaachten Taartendeeg brauche mir:
- 200 g Weessmiel (Typ 550)
- 200 g Vollkarmiel
- 2 Kaffisläffele Bakpolver
- 2 Kaffisläffele Miersalz
- 220 g vegan Margarinn
- 2 Zoppeläffelen Zocker
- 70 ml kaalt Waasser
Zoubereedung vum Taartendeeg:
1. De Schäffchen op 180 Grad Celsius Ober-/Unterhitze opwiermen
2. Alles vermëschen an zu engem Deeg knieden
3. Zu engem ronnen dënnen Deeg formen
Zoubereedung vun der Quiche:
1. De Schäffchen op 180 Grad Celsius Ober-/Unterhitze opwiermen
2. Den Deeg an enger grousser ronner Bakform vu ronn 26 Centimeter Diameter ausbreeden, an d’Ränner no uewe formen
3. D’Porrette botzen, wäschen an an dënn Rondele schneiden
4. De gereecherten Tofu a kleng Wierfel schneiden, a fir 5 Minutten an e bëssen Oliven Ueleg an enger Pan ubroden
5. D’Porrette-Rondelen an d’Pan dobäi ginn, an alles fir weider 2 Minutten ubroden
6. An engem Mixer oder per Hand d’Crème, de Seiden-Tofu an d’Stäerkt vermëschen, a Kala Namak a Peffer dobäi ginn
7. Ofschmaachen, an eventuell nach weider Kala Namak a Peffer dobäi ginn
8. An eng grouss Schossel d’Porretten, de gereecherten Tofu an déi flësseg Mëschung ginn, an alles gutt vermëschen
9. D’Mëschung op den Deeg an der Bakform fëllen a gutt verbreeden
10. Am Schäffchen bei 180 Grad Celsius fir 40 Minutte baken
11. E bëssen ofkille loossen, an da wotlech genéissen
12. Optional: mat e puer Blieder Mauséiercherszalot dekoréieren
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
Madeleinen
Dee fluffegen Dessert aus Frankräich
Pesto mat Muertegréngs
Lecker Pesto Alternativ, fir d’Muertegréngs och mol ze benotzen
Äppeltaart Smoothie
Ee gesonde Smoothie dee no Äppeltaart schmaacht
Lasagne
E Klassiker, veganiséiert
Eisekuch mat tierkeschem Flair (Baklava-Topping)
Eisekuch mat Baklava-Geschmaach, wéi deen tierkesche séissen Dessert mat Pistaschen.
Bouillon mat Pak Choi
Eng Zopp mat vill gesondem Geméis
Carrot Cake Muffins
E Rezept fir de Rescht Muerte vun Ouschteren ze benotzen.
Chai Latte
En ayurvedeschen Drink mat ville Gewürzer
Brioche mat Schockelasstécker
Perfekt fir d'Ouschterzäit
Hieselnoss Smoothie
E gudde Smoothie fir en Energiekick!
Miso Zopp
Eng authentesch japanesch Zopp
Kniddelen
Lëtzebuerger Rezept perfekt fir den Enn vum Wanter
Crèmeg Champignonszooss fir Pasta
Op Basis vu Cashewnëss
Veganen Cheesecake Parfait
E schnellen Dessert, perfekt fir Vältesdag
Verwuerelter
Déi vegan Versioun vum Lëtzebuerger Klassiker fir Fuesent
Nuddele mat rouder Paprikazooss
Crèmeg Zooss mat gereechertem Paprika
Vegan Carbonara
E Pasta-Klassiker, veganiséiert
Vegane French Toast
Perfekt fir ee séisse Brunch!
Pizza
En einfacht Rezept fir e flotte Pizzaowend doheem
Pho Zopp
Vietnameesesch Zopp mat Nuddelen
- 1
- 2