Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

De veganen Tipp mam Marie

100komma7.lu / De veganen Tipp mam Marie

/ Pesto-Nuddele mat Pistasch-Zooss

Pesto-Nuddele mat Pistasch-Zooss

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Dauer: 4 Minutten Virbereedung & ronn 12 Minutte kachen
Fir 4 Portiounen
Mir brauchen:
• Ronn 320 g Nuddelen
• 70 g Pistaschen, ouni Schuel
• 2 Knuewelek Zéiwen
• 4 Zoppeläffelen Hief-Pudder
• ¼ Kaffisläffel Chilli Flacken oder Pudder
• Jus vun enger Limett oder enger Zitroun
• 150 ml Oliven-Ueleg
• Salz & Peffer
• Optional: frësch Basilikum-Blieder
Zoubereedung:
1. Nuddele kachen, an d’Waasser nom Kachen an eng Schossel schëdden
2. An engem Mixer all aner Saache an ½ Kaffisläffel Salz fir e puer Minutte vermëschen
3. 3 Zoppeläffele vum Nuddel-Waasser dobäi mëschen, bis et net méi ze déckflësseg ass
4. D’Pesto-Zooss bei d’Nuddele ginn
5. Optional: Mat e puer frësche Basilikum-Blieder a Peffer dekoréieren

Ernärung
mic_none

Presentateur