Dauer: ronn 1 Stonn a 40 Minutten
Mir brauchen:
- 400 ml wotlecht Waasser
- 1 Pak Bakhief
- Ronn 7 g Sauerdeeg (Pudder oder flësseg)
- 500 g Karmiel (Roggemiel) (oder 450 g Karmiel a 50 g Vollkarmiel)
- 1 & ½ Kaffisläffel Salz
Zoubereedung:
1. An enger grousser Schossel d’Waasser, d’Bakhief an de Sauerdeeg vermëschen
2. D’Karmiel an de Salz dobäi ginn an alles vermëschen
3. 5 Minutte mat den Hänn knieden
4. Op enger waarmer Plaz fir ronn 20 Minutte roue loossen (alternativ iwwer Nuecht roue loossen)
5. Nach eemol e puer Minutte mat den Hänn knieden
6. Den Deeg an eng oval Form formen an erëm fir ronn 20 Minutte roue loossen
7. Am Schäffche bei 240 Grad Celsius fir ronn 20 Minutte baken
8. Dann am Schäffche bei 200 Grad Celsius 40 bis 50 Minutte fäerdeg baken