Dauer: 15 Minutten
Fir ronn 8 kleng Panescher brauche mir:
- 120 g Spelz Miel
- 1 Zoppeläffel Bakpolver
- 1 ½ Zoppeläffelen Zocker
- 1 Kaffisläffel Kanéil
- ¼ Kaffisläffel Salz
- 240 ml vegan Mëllech (z.B. Soja Mëllech)
- 2 Zoppeläffelen Ueleg oder geschmolte vegan Margarine
- 62 ml Äppel Kompott ouni Zocker
- 1 Kaffisläffel Vanill Extrakt
Fir d’karamelliséiert Äppel (Topping) brauche mir:
- Véier Äppel
- 2 Zoppeläffele brongen Zocker
- 25 g vegan Margarine
- ½ Kaffisläffel Salz
- 1 bis 2 Kaffisläffele Kanéil
Zoubereedung fir d’Panescher:
1. All dréche Saachen an eng Schossel ginn a vermëschen
2. All flësseg Saachen dobäi mëschen
3. Alles fir e puer Minutte stoe loossen
4. An där Zäit een Zoppeläffel Ueleg oder d’Margarine an der Pan waarm loosse ginn (d’Pan muss waarm ginn iert een den Deeg dra gëtt)
5. No e puer Minutten (wann d’Pan waarm ass, oder wann d’Margarine geschmolt ass), e bësse vum Deeg dra ginn
6. Wa Bullen uewen um Deeg sinn, de Panesch ëmdréinen
7. Wann d’Pan ze dréche gëtt, ëmmer e bëssen Ueleg oder Margarine dobäi ginn
Zoubereedung fir d’karamelliséiert Äppel:
1. D’Äppel schielen, d’Kären eraushuelen, an d’Äppel a kleng Kübe schneiden
2. D’Margarine an enger Pan opwiermen, an d’Äppel Kübe fir ronn 5 Minutte broden
3. De Kanéil an den Zocker dobäi ginn
4. Alles ëmmer gutt vermëschen
5. Virum Iesse kuerz ofkille loossen