De veganen Tipp mam Marie
Carrot Cake Muffins
3 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/168881/image-thumb__168881__base_thumbnail/Carrot%20Cake%20Muffins.9b6a1947.jpg)
Dauer: 15 Minutte Virbereedung & 20 Minutte Baken
Mir brauchen:
Fir den éischten Deel:
- 380 g Weessmiel (z. B. Typ 55)
- 240 g brongen Zocker
- 3 Kaffisläffele Bakpolver
- ½ Kaffisläffel Baksoda
- 4 Kaffisläffele Kanéilpolver
- 1 Kaffisläffel Muskatpolver
- ½ Kaffisläffel Ingwerpolver
- E bësse Salz
Fir den zweeten Deel:
- 250 g Muerten, a kleng Stécker geraaspelt
- 270 ml planzlech Mëllech
- 125 ml neutrale planzlechen Ueleg
- 80-100 g Walnëss, gehackt
- 1 Zoppeläffel Äppelesseg (alternativ Zitrounejus)
- 1 Kaffisläffel Vanillsextrakt
Fir de Streisel (optional):
- 65 g Weessmiel
- 30 g Huewerflacken
- 45 g planzlech Margarinn, oder Kokosnossueleg
- 25 g Zocker
- ½ bis 1 Kaffisläffel Kanéilpolver
Zoubereedung:
1. De Schäffchen op 180 Grad Celsius opwiermen an d’Muffin Bakform virbereeden (Tipp: e bëssen Ueleg ënner d’Bakpabeiere pinselen)
2. Alles vum éischten Deel an enger grousser Schossel vermëschen
3. Alles vum zweeten Deel dobäi mësche bis alles een Deeg ass
4. Mat engem Glacëläffel jeeweils eng Bull vum Deeg an eng Muffinform schëdden, bal bis um Rand
5. Fir de Streisel alles an enger Schossel vermëschen an op d’Muffins drop streeën
6. Fir 20-25 Minutte baken (Tipp: een Zahnstocher an d’Mëtt vun engem Muffin stiechen, wann en dréchen/ouni Deeg erauskënnt, sinn d’Muffins gutt)
7. D’Muffins fir ronn 15 Minutten an der Bakform ofkille loossen an esou oder mat Pudderzocker genéissen
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden
![Madeleinen](/1_Foto/100komma7.lu/179608/image-thumb__179608__base_thumbnail/Madelaine.375b87bd.jpg)
Madeleinen
Dee fluffegen Dessert aus Frankräich
![Pesto mat Muertegréngs](/_default_upload_bucket/178237/image-thumb__178237__base_thumbnail/Veganen%20Tipp%2015.05.b0410c39.jpg)
Pesto mat Muertegréngs
Lecker Pesto Alternativ, fir d’Muertegréngs och mol ze benotzen
![Äppeltaart Smoothie](/_default_upload_bucket/176707/image-thumb__176707__base_thumbnail/Veganen%20Tipp%2008.05.5779a347.jpg)
Äppeltaart Smoothie
Ee gesonde Smoothie dee no Äppeltaart schmaacht
![Lasagne](/_default_upload_bucket/173320/image-thumb__173320__base_thumbnail/Veganen%20Tipp%2024.04%20nei.bf623003.jpg)
Lasagne
E Klassiker, veganiséiert
![Eisekuch mat tierkeschem Flair (Baklava-Topping)](/_default_upload_bucket/172112/image-thumb__172112__base_thumbnail/Veganen%20Tipp%2018.04.c5a3332f.jpg)
Eisekuch mat tierkeschem Flair (Baklava-Topping)
Eisekuch mat Baklava-Geschmaach, wéi deen tierkesche séissen Dessert mat Pistaschen.
![Bouillon mat Pak Choi](/1_Foto/100komma7.lu/170402/image-thumb__170402__base_thumbnail/Veganen%20Tipp%20Britt%20Pak%20Choi.1154f405.jpg)
Bouillon mat Pak Choi
Eng Zopp mat vill gesondem Geméis
![Carrot Cake Muffins](/1_Foto/100komma7.lu/168881/image-thumb__168881__base_thumbnail/Carrot%20Cake%20Muffins.9b6a1947.jpg)
Carrot Cake Muffins
E Rezept fir de Rescht Muerte vun Ouschteren ze benotzen.
![Chai Latte](/_default_upload_bucket/167807/image-thumb__167807__base_thumbnail/Veganen%20Chai%20Latte.dc6fa60c.jpg)
Chai Latte
En ayurvedeschen Drink mat ville Gewürzer
![Brioche mat Schockelasstécker](/1_Foto/100komma7.lu/153683/image-thumb__153683__base_thumbnail/2024-03-20-Veganen%20tipp.a2df2707.jpg)
Brioche mat Schockelasstécker
Perfekt fir d'Ouschterzäit
![Hieselnoss Smoothie](/_default_upload_bucket/168938/image-thumb__168938__base_thumbnail/2023-05-03-Veganen%20Tipp%20mam%20Marie%26%20Shake.c0a0e89a.jpg)
Hieselnoss Smoothie
E gudde Smoothie fir en Energiekick!
![Miso Zopp](/_default_upload_bucket/145811/image-thumb__145811__base_thumbnail/Eng%20authentesch%20japanesch%20Zopp.7f15c423.jpg)
Miso Zopp
Eng authentesch japanesch Zopp
![Kniddelen](/1_Foto/100komma7.lu/143963/image-thumb__143963__base_thumbnail/Veganen%20Tipp%20Kniddelen.a03dc6dd.jpg)
Kniddelen
Lëtzebuerger Rezept perfekt fir den Enn vum Wanter
![Crèmeg Champignonszooss fir Pasta](/1_Foto/100komma7.lu/142175/image-thumb__142175__base_thumbnail/Veganen%20Tipp%202024-02-21.b894fce0.jpg)
Crèmeg Champignonszooss fir Pasta
Op Basis vu Cashewnëss
![Veganen Cheesecake Parfait](/1_Foto/100komma7.lu/140532/image-thumb__140532__base_thumbnail/Veganen%20Tipp%202024-02-14.3eff8e05.jpg)
Veganen Cheesecake Parfait
E schnellen Dessert, perfekt fir Vältesdag
![Verwuerelter](/1_Foto/100komma7.lu/138846/image-thumb__138846__base_thumbnail/Verwurrelter%20fir%20de%20Veganen%20Tipp.0c869030.jpg)
Verwuerelter
Déi vegan Versioun vum Lëtzebuerger Klassiker fir Fuesent
![Nuddele mat rouder Paprikazooss](/1_Foto/100komma7.lu/137115/image-thumb__137115__base_thumbnail/Veganen%20Tipp%2031-01-24.3d5fff80.jpg)
Nuddele mat rouder Paprikazooss
Crèmeg Zooss mat gereechertem Paprika
![Vegan Carbonara](/1_Foto/100komma7.lu/135592/image-thumb__135592__base_thumbnail/Vegan%20Carbonara-mas.0f70305e.jpg)
Vegan Carbonara
E Pasta-Klassiker, veganiséiert
![Vegane French Toast](/1_Foto/100komma7.lu/133774/image-thumb__133774__base_thumbnail/Vegane%20French%20Toast.03bd932b.jpg)
Vegane French Toast
Perfekt fir ee séisse Brunch!
![Pizza](/1_Foto/100komma7.lu/132214/image-thumb__132214__base_thumbnail/Veganen%20Tipp%202024-01-10.96d465fa.jpg)
Pizza
En einfacht Rezept fir e flotte Pizzaowend doheem
![Pho Zopp](/1_Foto/100komma7.lu/130513/image-thumb__130513__base_thumbnail/Veganen%20Tipp%202024-01-03.a74cd107.jpg)
Pho Zopp
Vietnameesesch Zopp mat Nuddelen
- 1
- 2