Dauer: 8 Minutten Zouberedung & 20 Minutte Baken
Mir brauchen:
• 236 ml Waasser
• 1 Zoppeläffel Vanillextrakt
• 158 ml planzlechen Ueleg (z. B. Sonneblummenueleg)
• 75 g Kakao Pudder (am beschten ouni raffinéierten Zocker)
• 1 Cup Miel (z. B. Weessmiel)
• ½ Kaffisläffel Salz
• ½ Kaffisläffel Bakpolver
• 100 g brongen Zocker
• 60 g wäissen Zocker
• 2 Zoppeläffele Maisstäerkt
• 110 g Schockelasstécker
Material: Bakform vun 9x13 cm oder 8x8 cm
Zoubereedung:
1. An enger Schossel d’Waasser, de Vanillextrakt an den Ueleg zesumme mëschen
2. De Schäffchen op 160 Grad Celsius opwiermen
3. Eng Bakform vun 9x13 cm oder 8x8 cm mat Bakpabeier beleeën
4. An enger weiderer grousser Schossel de Rescht vun de Saachen zesumme mëschen
5. De flëssege Mix bei deen dréchene Mix dobäi ginn
6. Den Deeg an d’Bakform schëdden
7. Fir ronn 20 Minutte baken (d’Brownies musse net ganz haart ginn)
8. An der Bakform fir e puer Stonnen oder iwwer d’Nuecht stoe loossen
9. D’Brownies an e puer Stécker schneiden
10. Optional: Liewkuch Kichelcher oder Chrëschtkichelcher baken (Rezept: 100komma7.lu) an op d’Brownies leeën
11. No engem Dag d’Brownies fir ronn 4 Deeg am Frigo halen, oder bis zu 3 Méint an der Killtru