Dauer: 10 Minutte Virbereedung & 1 Stonn Baken
Fir de Kuch brauche mir:
- 260 g Kürbis Purée
- 150 g wäissen Zocker
- 150 g bronge Zocker
- 30 g vegane Yoghurt (z.B. Soja Yoghurt)
- 113 g Ueleg (z.B. Oliven Ueleg)
- 1 Kaffisläffel Vanill Extrakt
- ¼ Kaffisläffel Salz
- 1 Zoppeläffel “Kürbis Gewürz”
- 1 Kaffisläffel Kanéil
- 1 ½ Kaffisläffel Bakpolver
- ¼ Kaffisläffel Baksoda
- 250 g Weess Miel (z.B. Typ 55)
Fir de Kanéil Streisel brauche mir:
- 30 g vegan Margarine, geschmolt
- 30 g brongen Zocker
- 35 g Weess Miel (z.B. Typ 55)
- 1 Kaffisläffel “Kürbis Gewürz” oder Kanéil
Fir d’Kürbis Gewürz brauche mir:
- 1 Kaffisläffel Kanéil Pudder
- ¼ Kaffisläffel Muskat Pudder
- ¼ Kaffisläffel Ingwer Pudder
Zoubereedung:
1. De Schäffchen op 180 Grad Celsius opwiermen
2. Eng laang Bakform mat Bakpabeier fëllen an e bëssen Ueleg drop pinselen
3. Fir de Kanéil Streisel déi geschmolte Margarine, de brongen Zocker, d’Miel an de Kanéil oder d’Kürbis Gewürz vermëschen bis et ee Streisel gëtt.
4. De Kanéil Streisel op d’Säit setzen
5. All déi dréche Saachen an enger grousser Schossel vermëschen: Kürbis Purée, wäissen Zocker, brongen Zocker, vegane Yoghurt, Ueleg, Vanill Extrakt, Salz
6. Dann d’Kürbis Gewürz, d’Bakpolver an de Baksoda dobäi mëschen
7. D’Miel dobäi mëschen bis alles een Deeg ass
8. Den Deeg an d’Bakform schëdden a bei 180 Grad Celsius fir ronn 1 Stonn baken
9. Ronn 10 Minutten ofkille loossen virum Iessen