Ernärung uechter d'Welt
/ Destinatioun Spuenien, d’Land vum flëssege Gold an dat gesondste Land vun der Welt
Destinatioun Spuenien, d’Land vum flëssege Gold an dat gesondste Land vun der Welt
Destinatioun Spuenien, d’Land vum flëssegen Gold
Et brauch méi wéi Paella a Gazpacho, fir als gesondst Land vun der Welt aklasséiert ze ginn
Spuenien ass un 1. Plaz vun de gesondste Länner vun der Welt an d’Spuenier:innen hunn eng Liewenserwaardung vun 83,5 Joer, wat déi héchsten an Europa ass. Am Verglach zu der leschter Evaluatioun ass Spuenien ëm 5 Positioune virgeréckelt. Niewent engem performante Gesondheetssystem liewen d’Spuenier och no der mediterraneaner Diät, där hiren Impakt op d’Erhale vun der Gesondheet bewisen ass.
Eng Charakteristik vun dëser Ernärung ass den Olivenueleg, deen och flëssegt Gold genannt gëtt. Spuenien ass weltwäit dee gréisste Produzent vun Olivenueleg. Säi gesondheetleche Wäert gouf déi lescht Joren am Detail erfuerscht. Et ass deen eenzegen Ueleg, dee Phenolstoffer enthält, déi eng schützend Wierkung op eisen Häerzkreeslafsystem hunn. Nieft der Pyramid vun der mediterraneaner Diät benotzen d’Spuenier als grafesch Duerstellung vu gesondem Iessen e Krees. Olivenueleg soll de Recommandatiounen no bei all Molzecht gebraucht ginn.
Erfrëschend, einfach a gesond: Gazpacho Andaluz, eng kal Zopp, zoubereet aus réien Tomaten, Poivronen, Kornischongen, Knuewelek, dréchent Brout am Waasser ageweecht. Dat Ganzt gëtt mat Olivenueleg, Sherryesseg a wéineg Salz gemixt a kal zerwéiert.
Referencen:
Amiot-Carlin, M.-J. (2019). Régime méditerranéen et santé cardiovasculaire. Pratiques en nutrition
https://dietamediterranea.com
https://observatoireprevention.org/2021/03/16/les-benefices-de-lhuile-dolive-extra-vierge-sur-la-sante-cardiovasculaire
https://worldhealth.net/news/bloombergs-global-health-index-2020
https://www.fao.org/nutrition/education/food-dietary-guidelines/regions/countries/spain/fr
Presentéiert vum
- Angie Maquil