Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Ernärung uechter d'Welt

100komma7.lu / Ernärung uechter d'Welt

/ Destinatioun Schwäiz

Destinatioun Schwäiz

on the headlines

D'Schwäiz läit am Ranking vum gesondste Land vun der Welt op Plaz 5.
Destinatioun Schwäiz, wou niewent der Auer an dem Messer och Schockela a Müsli zur Swissness gehéieren.
Dat typescht Schwäizer Iesse gëtt duerch verschidde Kulture gepräägt. Esou si regional Spezialitéite wéi d’Raclette aus dem Waliser Kanton, d’Zürecher Geschnëtzeltes, d'Tessiner Minestrone oder d’Bündnerfleesch iwwer d’Grenzen eraus bekannt. Am prominentsten ass awer de Bircher-Müsli. Ëm 1900 huet de Bircher Benner, e Schwäizer Kurdokter, senge Patiente Rohkost als Therapie zerwéiert. Esou konnten deemools Kurgäscht wéi den Hermann Hesse oder den Thomas Mann als Éischt déi positiv Wierkunge vum Bircher-Müsli op hir Gesondheet erliewen. Haut weess jiddwereen, datt e gesonde Liewensstil e groussen Impakt op d’Virbeugung an d‘Therapie vu chronesche Krankheeten huet.
An der Schwäiz gëtt fir d’gesond Ernärung duerzestellen d’Liewensmëttelpyramid, déi änlech ass wéi eis, gebraucht. Mee d‘Pyramide kënnen, geet net duer fir e Verhalen ze veränneren.
Fir e gudde Start an den Dag als Propos z. B. e Bircher-Müsli (https://houseofswitzerland.org/de/swissstories/geschichte/der-schweizer-fruehstuecksklassiker-der-weltruhm-erlangte-das).

Referencen
https://www.bag.admin.ch/bag/de/home/strategie-und-politik/nationale-gesundheitsstrategien/strategie-nicht-uebertragbare-krankheiten.html
https://www.fourchetteverte.ch/#news
https://www.patrimoineculinaire.ch/A-propos
https://www.sge-ssn.ch/ich-und-du/essen-und-trinken/ausgewogen/ausgewogener-teller/

mic_none

Presentéiert vum

Episoden