Radioen

On air

Simon Says  |  Alex Ebert - Truth

play_arrow Live
arrow_back_ios

Ernärung uechter d'Welt

100komma7.lu / Ernärung uechter d'Welt

/ Destinatioun Norwegen

Destinatioun Norwegen

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Mir reesen no Norden, an dat néngt gesondste Land vun der Welt, d‘Land vun de Fjorden: Norwegen.
Déi traditionell norwegesch Ernärung, och als Wikingerdiät bekannt, charakteriséiert sech duerch vill regional Geméis, Uebst an allméiglech Zorte vu faarwege Bierefriichten, déi well do wuessen.
Déi Haapteewäissquell sinn d‘Fësch, virun allem Saumon, Makréil oder de Skrei, de Wanterkabeljau, deen an de Lofote gefëscht gëtt.
Dernieft sti Rendéier oder Elch a Schofsfleesch um Menu. Well d’Summere kuerz an d’Wantere laang sinn, gëtt ganz grousse Wäert op gutt Konservéirungsmethode geluecht, wéi gedréchenten oder gereecherte Fësch a fermentéiert Uebst a Geméis.

An Norwege gëtt et keng Pyramid, mee e groussen Disk fir gesond Ernärung duerzestellen.
Eng Rei Studien hu gewisen, datt dësen Iessstil, ähnlech wéi bei der mediterraner Diät, de Stoffwiessel verbessert an de Risiko vun Häerzkreeslaferkrankungen erofsetzt. E gouf als d’Wikingerdiät bekannt.

Reference:
https://www.bzfe.de/service/news/aktuelle-meldungen/news-archiv/meldungen-2023/juli/neue-nordische-ernaehrungsempfehlungen/.(s.d.). Récupéré sur https://www.bzfe.de.
https://www.fao.org/nutrition/education/food-dietary-guidelines/regions/countries/norway. (s.d.). Récupéré sur https://www.fao.org.
https://www.fischausnorwegen.de/rezepte/.(s.d.). Récupéré sur https://www.fischausnorwegen.de.

Ernärung
Politik a Gesellschaft
Edukatioun
mic_none

Presentéiert vum

Episoden