Radioen

On air

Simon Says  |  Ian Pooley - Venasque

play_arrow Live
arrow_back_ios

Ernärung uechter d'Welt

100komma7.lu / Ernärung uechter d'Welt

/ Destinatioun Lëtzebuerg

Destinatioun Lëtzebuerg

headphones

6 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Mir iesse vill ze vill séiss, fetteg a salzeg Produkter, déi dacks ultra transforméiert sinn.

Fänke mir eis Rees an deem Land un, dat am weltwäite Ranking vum gesondste Land op Plaz 11 läit, an dat ass Lëtzebuerg.
Als Moossstaf gëllt de Bloomberg Health Index: hei ginn 169 Länner no enger Rei Krittäre klasséiert, wéi z. B. Liewenserwaardung, Qualitéit vum Gesondheetssystem a vun der Ëmwelt, wou och d’Ernärung dozou gehéiert.
Déi lescht Jore gëtt vill gemaach fir de Konsum vu regionale Produkter, besonnesch Geméis an Uebst, ze verbesseren. Eis Iesskultur gëtt awer och staark vun der kultureller Vilfalt vun eiser Bevëlkerung gepräägt. En Tourist, deen op Lëtzebuerg kënnt, fënnt um Menu ënner traditioneller Kichen esouwuel Kniddelen, Wäinzoossiss mat Moschterzooss, wéi och Bouchée à la reine oder Pastaschutta, déi mir wéi vill aner auslännesch Platen an eis Iesskultur integréiert hunn.
Eis Energieversuergung läit mat 3.570 Kalorien iwwer dem Duerchschnëtt vun den Industrielänner. Am Verglach mam Modell vun der Liewensmëttelpyramid ass an der Realitéit d’Spëtzt vun der Pyramid scho bal e Plateau, d. h.: Mir iesse vill ze vill séiss, fetteg a salzeg Produkter, déi dacks ultra transforméiert sinn.
Dat erkläert och zum Deel déi alarmant Heefegkeet vun Iwwergewiicht zu Lëtzebuerg, an och firwat mir zanter 2017 vun der 9. op déi 11. Plaz am Bloomberg Index zeréckgefall sinn.
An den nächste Sendunge stelle mir Iech Länner vir aus den Top Ten vum Bloomberg Index. Dir kënnt déi gesondste Säite vun hirer Iesskultur op eng flott Manéier entdecken.

Referenzen:
https://gimb.public.lu/fr/gesond-iessen/besoins-nutritionnels/adulte.html. (s.d.). Récupéré sur https://gimb.public.lu/fr.
https://www.fao.org/faostat/fr/#country/256. (s.d.). Récupéré sur https://www.fao.org.

Ernärung
Gesondheet
Politik a Gesellschaft
Edukatioun
mic_none

Presentéiert vum

Episoden