Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Nubiyan Twist - Lights Out Feat. Nile Rodgers

play_arrow Live
arrow_back_ios

Ernärung uechter d'Welt

100komma7.lu / Ernärung uechter d'Welt

/ Destinatioun Island, d’Land vun den Vulkaner, Gletscher a Geysiren

Destinatioun Island, d’Land vun den Vulkaner, Gletscher a Geysiren

on the headlines

Zanter 1924 notzen d’Islänner d‘Energie, déi duerch vulkanesch Aktivitéit fräigesat gëtt fir Zären ze hëtzen. Esou ginn trotz laange kale Wanteren dat ganzt Joer iwwer all méiglech Zorten Uebst a Geméis an esouguer Banannen ugebaut.
Dat gesond Iesse gëtt duerch e Krees mat 6 Liewensmëttelgruppen duergestallt. Fir beim Akafen déi richteg Wiel an all Liewensmëttelgrupp ze treffen, gëtt e gréngt Schlëssellach benotzt. Et ass eng positiv Kennzeechnung, déi e Produkt unhand vu senger gudder Zesummesetzung extra ervirhieft.
En traditionellt Produkt, dat een och an eise Rayone vun de Supermarchée fënnt ass de Skyr. Et ass e moer wäisse Kéis, mat engem héije Prozentsaz un Eewäiss an ass esouwuel beim Moiesiesse wéi als Dessert e beléift Mëllechprodukt bei den Islänner. Extra gutt soll Skyr mat Molbier zoubereet sinn; eng flott Iddi fir mat eisem Stoffi auszeprobéieren.

Referencen
https://www.fao.org/nutrition/education/food-dietary-guidelines/regions/countries/iceland/en
https://www.norden.org/en/news/new-guidelines-make-keyhole-even-greener
https://www.visiticeland.com/article/the-greenhouse-revolution-in-iceland

mic_none

Presentéiert vum

Episoden