Ernärung uechter d'Welt
Destinatioun Italien - méi wéi Pizza a Pasta
Firwat ass Italien op der 2. Plaz vum gesondste Land vun der Welt? Nieft den übleche Krittäre sinn d’Italieener esou gutt placéiert am Ranking, wéinst dem Gewiicht, dat si op e gutt soziaalt a kulturellt Ëmfeld leeën.
Iwwerall gëtt d’Iessen zelebréiert a steet am Mëttelpunkt, wa Frënn a Famill zesummekommen. All Regioun huet och hir eegen traditionell Iesskultur, déi vu Generatioun zu Generatioun iwwerdroe gëtt. De Mouvement Slow food, deen an Italien entstanen ass, huet sech zum Zil gesat, dat ze schützen.
Esou kann een an enger klenger Trattoria déi mediterran Diät als kulinareschen Highlight erliewen, wa Cannelini- a Borlotti-Boune mat Olivenueleg an Oregano zesummen harmonéieren a sech an enger Minestrone oder Insalati erëmfannen.
D’gesond Ernärung gëtt duerch e breet Band aus 13 Linnen duergestallt. All Linn huet eng vun de Reeboufaarwen an entsprécht enger Recommandatioun. Nieft den üblechen Theeme gëtt och Liewensmëttelsécherheet an nohaltegt Iesse behandelt.
Referencen:
Gaudry F.-R. (2020). On va déguster l'Italie. Marabout
https://www.datapandas.org/ranking/healthiest-countries
https://www.fao.org/nutrition/education/food-dietary-guidelines/regions/countries/italy
https://www.slowfood.com/fr/notre-histoire
Kelkel M, S. M. (2011; Aug). Antioxidant and anti-proliferative properties of lycopene. Free Radic Res. 45(8):925-40
Presentéiert vum
- Angie Maquil