Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Smile - Eyes and Mouth

play_arrow Live
arrow_back_ios

Ernärung uechter d'Welt

100komma7.lu / Ernärung uechter d'Welt

/ Destinatioun Australien, e Land vun de Kontraster

Destinatioun Australien, e Land vun de Kontraster

on the headlines

Vu Bush-Tucker zu Fastfood - mir ginn op eng kulinaresch Entdeckungsrees vun dësem Kontinent.
Australie steet am Ranking vum gesondste Land vun der Welt op Plaz 7. Wien un traditionell australescht Iessen denkt, dee stellt sech meeschtens am Feier gegrillte Krokodil, Baramundifësch oder déck Witchetty-Muede vir.
Mee et ass méi wéi dat. Déi australesch Recommandatioune gesinn och de gesonden Teller vun den Urawunner vir: Deen enthält als Eewäissquellen och Känguru- a Varanfleesch, oder beim Grupp vu Geméis an Uebst typesch héichwäerteg Wëllplanzen aus dem Bush. Esou ass z. B. d’Quandong-Piisch, exzeptionell räich un Antioxidanten an d’Kakadu-Quetsch, eng Wüstefruucht, 100 Mol méi räich u Vitamin C wéi Orangen. Dës traditionell Liewensmëttelen aus dem Bush, och Bush-Tucker genannt, stellen also e Risepotential un héichwäertege Liewensmëttelen duer.

Références
https://anfab.org.au/main.asp. (s.d.). Récupéré sur https://anfab.org.au.
https://educationinnutrition.com.au/news/kerin-odea-the-power-of-traditional-diets-by-paula-goodyer. (s.d.). Récupéré sur https://educationinnutrition.com.au.
https://fr.wikipedia.org/wiki/Bush_tucker. (s.d.). Récupéré sur https://fr.wikipedia.org.
https://theoranafoundation.org/projects/indigenous-food-database/. (s.d.). Récupéré sur https://theoranafoundation.org.
https://www.australia.com/en/things-to-do/food-and-drinks/native-australian-ingredients.html. (s.d.). Récupéré sur https://www.australia.com.
https://www.fao.org/nutrition/education/food-based-dietary-guidelines/regions/countries/australia/fr/. (s.d.). Récupéré sur https://www.fao.org.
https://www.lanutrition.fr/regime-paleo-les-tresors-de-lalimentation-aborigene. (s.d.). Récupéré sur https://www.lanutrition.fr.
https://www.nhmrc.gov.au/health-advice/nutrition/australian-dietary-guidelines-review/priority-research-questions. (s.d.). Récupéré sur https://www.nhmrc.gov.au.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden