Ernärung uechter d'Welt
Destinatioun Japan, dem Land vum Laachen
Op der véierter Plaz vum gesondste Land op der Welt ass Japan.
Bescht bekannt ass de japaneschen Archipel Okinawa, wou déi meescht Honnertjäreg solle liewen an d‘d’Lieweserwaardung déi héchst vun der Welt ass.
Iesse gëtt an der dausendjäreger Kultur vu Japan als eng Liewenskonscht zelebréiert. Traditionell iessen d’Japaner wéineg Fleesch a Mëllechprodukter. D‘Basis ass Fësch, Mieresfriichten a Sojabounen. Derbäi dierfe Reis, Algen an de gréngen Téi net feelen.
D’Japaner stelle gesond iessen duerch en Dapp duer: E kann nëmme richteg dréien, wann d’Energiezufuhr am Gläichgewiicht ass mam Energieverbrauch. Wéivill giess gëtt, ënnerläit zu Okinawa dem Konfuzius sengem Prinzip vun Hara Hachi Bu. Dat heescht, et soll ee just esouvill iesse bis de Mo zu 4/5 gefëllt ass.
“Déi éischt 4 Portiounen halen dech gesond, mee wann s du nach ee Fënneftel méi ësst, da fëlls du dem Dokter säi Portefeuille.”
Références
Hasegawa, M. O. (2023). Efficacy of incremental loads of cow's milk as a treatment for lactose malabsorption in Japan. World journal of clinical cases,, 11(4), 797–808.
https://jnl.calorie-smile.jp/.
https://www.fao.org/nutrition/education/food-dietary-guidelines/regions/countries/japan
N., M. B. ((2009). Secret of eternal youth; teaching from the centenarian hot spots ("blue zones"). Indian journal of community medicine : official publication of Indian Association of Preventive & Social Medicine,, 34(4), 273–275.
Van Hecke, E. (2024). L'évolution des consommations alimentaires dans le monde . Belgeo
Presentéiert vum
- Angie Maquil