Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Art d'Ecco - The Traveller

play_arrow Live
arrow_back_ios

Ernärung uechter d'Welt

100komma7.lu / Ernärung uechter d'Welt

/ Destinatioun Schweden

Destinatioun Schweden

on the headlines

Schwede steet am Ranking vum gesondste Land vun der Welt op Plaz 6.
Zanter jee liewen d’Schweede vun deem, wat d‘Bëscher a Séien hinne bitt: d’ Juegd, d’Fëscherei an d’Sammele vu Moltebieren sinn nach haut Deel vun hiren Traditiounen. Kal Wanteren a kuerz waarm Summerméint verlaangen eng gutt Konservéierung vun de Liewensmëttelen. Esou sinn déi bescht bekannte schweedesch Preparatioune wéi graved Lachs, agemaachten Hierken oder d’Knäckebrout entstanen, déi nach haut eng zentral Roll an der nationaler Kiche spillen.
Déi schweedesch Recommandatioune benotze keng grafesch Duerstellung vu gesondem Iessen, mee si vum Lagom gepräägt, deem typesche Liewensgefill vun de Schweeden: net ze vill, net ze wéineg, mee genee richteg fir jiddwer Eenzelen. Esou gëtt dann einfach, kuerz a prägnant erkläert, wat ee soll méi a manner iessen, an op wat ee soll ëmswitchen.
Wéi ee soll iessen, gehéiert och zur schweedescher Iesskultur, an do dierf d’Fika, eng erhuelsam Paus fir eventuell zesummen e Kanelbullar ze genéissen, net feelen.

Referenzen:
Cámara M, G. R.-F.-G. (2021, 09). https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pmc/articles/PMC8471688/ Récupéré sur https://www.ncbi.nlm.nih.gov
Herforth A, A. M.-S. (2019, juillet). A Global Review of Food-Based Dietary Guidelines Récupéré sur Adv Nutr. 2019 Jul 1;10(4):590-605
https://www.fao.org/nutrition/education/food-dietary-guidelines/regions/countries/sweden/en/ (s.d.) Récupéré sur https://www.fao.org/
https://www.livsmedelsverket.se/en/food-habits-health-and-environment/dietary-guidelines/adults (s.d.) Récupéré sur https://www.livsmedelsverket.se/

mic_none

Presentéiert vum

Episoden