Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Des oeillets pour la révolution

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

headphones

51 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Tommy Schlesser ass e Schauspiller, fir deen et am Filmgeschäft richteg gutt leeft. Zum Beispill ass hien an der zweeter Staffel vu "Capitani" ze gesinn - eng Serie, déi un Netflix verkaf gouf.

Am Kino stoung hien op der Affiche vun der spuenesch-lëtzebuergescher Koproduktioun "Lemon and Poppy Seed Cake". D'lescht Joer war hien zu Cannes um rouden Teppech fir de Film "Rebel" vum Adil El Arbi an Bilall Fallah, wou hien en IS-Kämpfer spillt.

An hie spillt och a "Läif a Séil" vum Loïc Tanson, an hie freet sech drop, wann "Die Bergretter" beim ZDF gewise ginn, um klengen Ecran, do wou Villes fir hien ugefaangen huet, notamment an Tëleesproduktioune vu Rosamunde Pilcher, oder "Das Traumschiff".

Den Tommy Schlesser huet schonn als Bouf mat sengem eelere Brudder Emile éischt kleng Filmer gedréit, de Fonke vun der Magie vun der Kamera ass jonk bei him eriwwer gesprongen. Dat, obwuel hien aus enger Famill vu Juriste kënnt. Säin Urgrousspapp, Grousspapp a Papp hunn dee Beruff ausgeüübt, an obwuel den Tommy Schlesser deen och ugehaangen huet, andeems hien Droit studéiert huet, ass hie séier nees vu senger Passioun dem Kino ugezu ginn.

Eigentlech wollt hien 2012 op Köln op d'Film Acting School goen, mee du krut hie seng éischt Roll ugebueden an der Lëtzebuerger Sitcom "Comeback". Dat war säin Debut. Säi Studium huet hien trotzdeem duerchgezunn, net zu Köln, mee zu Los Angeles.

2013-2014 hat hie seng eege Sketch-Comedy Serie "Wat Elo?" fir RTL Télé Lëtzebuerg, wou hien an circa 100 kuerzen Episoden zesumme mat sengem Brudder Émile Schlesser opgetrueden ass.

2015 war den Tommy Schlesser an enger Gaaschtroll an der däitscher RTL-Serie "GZSZ" als Austauschstudent Eike Habicht ze gesinn.

Am Kuerzfilm "Long Lost", deen als beschte Kuerzfilm beim Max Ophüls Preis nominéiert war, hat de Schlesser d'Roll vun engem jonke Strummert mat krimineller Vergaangenheet. 2018 war hien am lëtzebuergesche Kinosfilm "Superjhemp Retörns", nieft der Julie Kieffer an der Désirée Nosbusch ze gesinn.

Am Februar 2022 du fir vill Persounen e laang erwaarte Moment. Déi zweet Staffel vu "Capitani", an där hien d'Roll vun engem Drogeboss spillt.

D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Nadine Barthel: "D'Gebuert huet 100.000 Ausweeër"

Nadine Barthel: "D'Gebuert huet 100.000 Ausweeër"

D'Invitée ass schonn 20 Joer laang Hiewan. Si schwätzt iwwer d'Magie vum Liewe schenken an déi haart Aarbecht, déi hannendru stécht.
headphones

46 min

play_arrow
Nicole Max: "E laange Wee bei den Theater"

Nicole Max: "E laange Wee bei den Theater"

D'Lëtzebuerger Actrice, déi scho laang zu Paräis lieft, ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Jean Claude Braun: "Ech sinn en Orchestermuseker"

Jean Claude Braun: "Ech sinn en Orchestermuseker"

Den Dirigent vun der Militärmusek ass haut den Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Eva Paulin: "E Kandheetsdram erfëllt"

Eva Paulin: "E Kandheetsdram erfëllt"

D'Theaterregisseurin, déi sech haut méi an der Konscht, der Molerei doheem fillt, ass haut Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Nico Helminger:"Ouni Buch opgewuess"

Nico Helminger:"Ouni Buch opgewuess"

Deen eeleren Helminger-Brudder a Schrëftsteller ass Invité.
headphones

60 min

play_arrow
Claude Bache: "Den Dechen an den Dechenskeller"

Claude Bache: "Den Dechen an den Dechenskeller"

Den Deche vu Maacher, deen eng grouss Affinitéit fir Lëtzebuerger Sprooch huet, ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Claude D. Conter: "Op Première koum de Choix fir d'Literatur"

Claude D. Conter: "Op Première koum de Choix fir d'Literatur"

De Literaturwëssenschaftler ass zanter 2020 Direkter vun der Nationalbibliothéik. U sech wollt hie Medezin studéieren, huet sech dunn awer op der Première anescht decidéiert.
headphones

56 min

play_arrow
Carlo Lecuit an Dr. Jean- Claude Faber: "Opgi war keng Optioun"

Carlo Lecuit an Dr. Jean- Claude Faber: "Opgi war keng Optioun"

Béid si Member vun der Assosciation Luxembourgeoise d'Hémophilie a selwer vun der rarer Krankheet betraff.
headphones

57 min

play_arrow
Ana Pinto: "Den Täter, net d'Affer soll Angscht hunn"

Ana Pinto: "Den Täter, net d'Affer soll Angscht hunn"

D'Invitée ass Affer vu Gewalt am Stot a grënnt eng Associatioun, fir datt Betraffener méi Rechter kréien, wa politesch a juristesch Reforme gemaach ginn. Si verzielt hir Geschicht.
headphones

51 min

play_arrow
Bernard Baumgarten: "Wat ech mir an de Kapp gesat hunn, ..."

Bernard Baumgarten: "Wat ech mir an de Kapp gesat hunn, ..."

Den aktuellen Directeur artistique vum Trois-CL huet den Danz zu Lëtzebuerg an de leschten zwanzeg Joer mat aneren nohalteg markéiert.
headphones

56 min

play_arrow
Marie Goergen: "Diversitéit um Akerland"

Marie Goergen: "Diversitéit um Akerland"

Der Marie Goergen hir Passioun ass d'Akerland. Als Gäertnerin produzéiert si lokal a saisonal, biologescht Geméis, made in Lëtzebuerg.
headphones

44 min

play_arrow
Carlo Lecuit an Dr. Jean- Claude Faber: "Opgi war keng Optioun"

Carlo Lecuit an Dr. Jean- Claude Faber: "Opgi war keng Optioun"

Béid si Member vun der Assosciation Luxembourgeoise d'Hémophilie a selwer vun der rarer Krankheet betraff.
headphones

57 min

play_arrow
Isabelle Marinov: "D'Welt mat Kannerae gesinn"

Isabelle Marinov: "D'Welt mat Kannerae gesinn"

Hiren Dram Autorin ze ginn huet d'Isabelle Marinov sech mat vill Duerchsetzungsverméigen an Disziplin verwierklecht.
headphones

57 min

play_arrow
Romain Meyer

Romain Meyer

De Geolog enseignéiert an erfuerscht an de Geo-Wëssenschaften: Vulkanologie, Petrologie, Geochimie, Geomedezin, Geobiologie a Sciences environementales et planétaires.
headphones

56 min

play_arrow
Salima Ben Guigui: "Ech wollt e Museksinstrument, fir ze zupfen"

Salima Ben Guigui: "Ech wollt e Museksinstrument, fir ze zupfen"

D'Mandolonistin, Museksenseignante a Pole Dänzerin ass d'Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Mehdi Magha: "Vulnerabele Persounen hëllefen"

Mehdi Magha: "Vulnerabele Persounen hëllefen"

Den Direkter vun Handicap International, dee seng Decisioun humanitär Aarbecht ze leeschten aus der Iwwerzeegung mécht, vulnerabele Persounen ze hëllefen.
headphones

56 min

play_arrow
Josée Bourg: "Virwëlz an Ongedold"

Josée Bourg: "Virwëlz an Ongedold"

D'Schrëftstellerin, Kënschtlerin, Journalistin, Enseignante, Performerin oder Erzielerin mat nach villen anere Säiten ass d'Invitée.
headphones

55 min

play_arrow
Kardinol Jean-Claude Hollerich: "Sech zesummen unerkennen"

Kardinol Jean-Claude Hollerich: "Sech zesummen unerkennen"

Deen éischte Kardinol vu Lëtzebuerg krut rezent den Abraham-Geiger-Präis iwwerreecht. Am Interview schwätzt hien doriwwer, wéi hie vum Paschtouer Äerzbëschof an du Kardinol gouf.
headphones

39 min

play_arrow
Simone Asselborn-Bintz

Simone Asselborn-Bintz

Déi aktuell Suessemer Buergermeeschtesch an Deputéiert ass d'Invitée.
headphones

68 min

play_arrow
Jean-Claude Schlim: "Ouni Passioun wier et net gaang"

Jean-Claude Schlim: "Ouni Passioun wier et net gaang"

De fréiere Journalist kuckt op 30 Joer Karriär am Filmsecteur zeréck: als Filmtechniker, Regisseur, a Produzent. 2009 huet hie säin eegene Film realiséiert, "House of Boys".
headphones

55 min

play_arrow